Background am Gespréich (10. Januar)"Aarmer probéieren, sou duerchsichteg wéi méiglech ze sinn"

Monica Camposeo
Um Samschdeg war Aarmut zu Lëtzebuerg de Sujet an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Aarmer probéieren sou duerchsichteg wéi méiglech ze sinn"
Am Background waren de Familljeminister Max Hahn, d’Presidentin vun ATD Quart Monde Joëlle Christen an den Ombudsmann fir Kanner a Jonker Charel Schmit

Leit, déi aarm sinn, dacks vu Generatioun zu Generatioun, probéieren, sou duerchsiichteg wéi méiglech sinn. Dat sot d’Presidentin vun der Asbl ATD Quart monde Joëlle Christen e Samschdeg de Mëtteg bei eis an der Emissioun Background iwwert d’Aarmut zu Lëtzebuerg. Invitéiert waren den DP-Familljeminister Max Hahn, d’Presidentin vun ATD Quart monde an den Ombudsman fir Kanner a Jonker Charel Schmit. D’Zil vun ATD Quart monde ass et, déi Concernéiert aus hirer Isolatioun erauszehuelen. Aarmut huet vill Gesiichter, betrëfft awer Kanner a Jonker hei am Land duebel sou vill wéi déi Erwuessen, sou den Ombudsman fir Kanner a Jonker. Mat engem Aarmutsundeel vu 15% bei de Jonken an 8% bei den Erwuessenen. A Kanner, déi aarm sinn, géife stigmatiséiert. An alle Gruppen, sou de Vertrieder vum Okaju. Datt d’Regierung elo den éischten nationalen Aktiounsplang géint Aarmut deposéiert huet, huet den zoustännege Familljeminister Max Hahn mat den Zuelen argumentéiert, déi hätten zum Handelen invitéiert. “Et wier héich Zäit ginn”, sou den DP-Minister um Radio. An et hätt ee wëllen domadder ophalen, datt jidderee seng eegen Zëppche kacht.

Guichet social unique: All Hëllefen op ee Bléck vu Mäerz/Abrëll un

D’Zil vum Aktiounsplang wier et virun allem, no enger breeder Consultatioun mat Acteure vun der Zivilgesellschaft, fir déi bestoend sozial Faangnetzer besser mateneen ze vernetzen. Fir datt d’Leit och déi Hëllefen all kréien, déi hinnen zoustinn. De sougenannte Guichet social unique, “GPS social” soll dobäi hëllefen. Dat ass eng Onlineplattform, wou een op ee Bléck all Hëllefe fanne soll mat engem Rechner. Dës soll an den nächste Méint, Mäerz an Abrëll operationell sinn, huet de Minister annoncéiert. Donieft sollen awer och physesch Ulafstelle bestoe bleiwen a bis Enn des Joers eng anonymiséiert Hotline agefouert ginn. Et wier och geplangt, Ekippen dohinner ze schécken, wou Leit sinn, fir ze informéieren an ze sensibiliséieren. De Familljeminister hofft, datt d’Sozialaarbechter duerch d’Bündelen an deels Automatiséiere vun den Hëllefe méi Zäit kréien, fir mat de Leit ze schaffen, fir hinnen “en Trampolin dohin ze stellen fir aus hirer Situatioun eraus ze kommen”. D’Offices sociax sollen awer och Personal bäi kréien. D’Joëlle Christen nennt, d’Instrument vum Guichet social unique ee “Meilesteen” fir déi Betraffen, déi hinne ganz vill hëllefe kéint. Grad dës Leit géife sech mat den administrativen Hürde schwéier doen oder hätte kee Computer doheem.

Ëmmer rëm den deiere Logement

De Charel Schmit sengersäits gesäit besonnesch awer och d’Gemengen nach méi an der Flicht, fir nach méi aktiv ze ginn. Besonnesch am soziale Wunnengsbau. Do géif ee fir alle mol nach net genuch gemaach. Hien huet an der Emissioun e “Sozialquot fir soziale Wunnraum” an eng “Investitiounsquot” gefuerdert. Et dierft net sinn, datt d’Gemengen an deier Sportinfrastrukturen investéieren, awer an engems null am soziale Wunnraum maachen.

Mindestloun ze niddreg, mä Hausse net ze bezuelen, seet Minister

Eens ware sech d’Invitéen prinzipiell, datt de Mindestloun ze niddreg wier, fir anstänneg hei am Land liewen ze kënnen. Den DP-Familljeminister huet op d’Europäesch Mindestloundirektiv verwisen, déi vum neien Aarbechtsminister Marc Spautz soll ënnert d’Lupp geholl ginn, fir ze kucken, wéi se zu Lëtzebuerg soll ëmgesat ginn. D’Wirtschaft géif et strukturell Hausse aktuell awer net packen. Duerfir wier säi Ministère awer op de Wee gaangen, fir Hëllefen ze automatiséieren. D’nächst Joer solle véier Hëllefe gebündelt ginn an do wier een amgaangen, ze kucken, fir och d’Loyerssubventioun drun ze koppelen, huet de liberale Politiker erkläert. Déi gëtt nach ëmmer vu 75% vun de Leit net ugefrot.

Bildung als Sortie aus der Aarmut

Aarmut wier keng Fatalitéit, sou den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Etüde vun Unicef géife weisen, datt 9 Länner et an de leschten 10 Joer ëm 10% fäerdeg bruecht hunn, d’Kanneraarmut ze drécken. Dat kéint ee maachen iwwert méi en héije Mindestloun, iwwert méi abordabele Logement an och an der Educatioun, wou an der Vergaangenheet déi lescht 20 Joer d’Schéier just ausernee gaange wier. Den Accent misst hei schonn am Klengkandberäich gesat ginn, huet d’Joëlle Christen gefuerdert. Haut géife Jonker aus der Schoul kommen, déi knapps liewen a schreiwe kënnen. Maison-relaise wier ganz gutt, mä sinn déi sou opgestallt, fir d’Kanner adequat z’ënnerstëtzen, huet d’Vertriederin vun ATD Quart monde d’Fro opgeworf. Ob den Aktiounsplang géint d’Aarmut duergeet, fir konkret eppes zu Lëtzebuerg géint d’Aarmut ze bewierken, dat géif just d’Zäit weisen, sou nach d’Joëlle Christen. Mä et wier kloer, datt dee ganzen Effort Zäit hëlt. Zäit, déi ee sech awer huele misst.

De Background am Gespréich vum 10.1.26

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO