Duerchbroch bei TripartiteMindestloun klëmmt ëm 200 Euro, Staat hëlleft mat Steierkredit

RTL Lëtzebuerg
Op den Haaptlinnen hu Regierung, Patronat a Gewerkschaften prinzipiell Accorde fonnt an den Tripartite-Gespréicher. Kafkraaft stäerken, Aarbechtsplazen a Betriber schützen, erneierbar Energië fërderen. All Säit ass dobäi Kompromësser agaangen.
© Eric Ebstein

D’Tripartite war en Erfolleg – et goufe Kompromësser fonnt an en Duerchbroch beim Mindestloun. No intensive Verhandlungen si sech d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaftsunioun en Donneschdeg doriwwer eens ginn, fir de Mindestloun bis Juli d’nächst Joer ëm 200 Euro an zwou Kéieren an d’Luucht ze setzen – de Gros den 1. Januar. Am Mäerz wollten d’CSV an d’DP de Mindestloun net iwwert d’Indexéierung an den Ajustement un d’Lounentwécklung an d’Luucht setzen. Elo klëmmt en ëm 200 Euro an den Index kënnt dobäi. Fir datt Betriber net weider belaascht ginn, gëtt déi zousätzlech Hausse iwwer Steierkredit vum Staat finanzéiert.

Duerchbroch um drëtten Dag vun der Tripartite
Op den Haaptlinnen hu Regierung, Patronat a Gewerkschaften prinzipiell Accorde fonnt an den Tripartite-Gespréicher. All Säit ass dobäi Kompromësser agaangen.

De Premier Luc Frieden huet donieft e Crédit d’impôt conjoncture an Héicht vun enger Indextranche vu Juli bis Januar ugekënnegt an d’Präisser vum Diesel a vum Masutt géingen am Cent-Beräich gebremst ginn. Et ginn och cibléiert Hëllefe fir Betriber an der Logistik an an der Landwirtschaft. De Premier huet och weider Mesuren annoncéiert fir d’Energitransitioun virunzebréngen, respektiv eng méi séier Ëmsetzung vum Klimabonus Top Up an der Prefinanzéierung fir Wärmepompelen oder nach de Leasing Social fir Leit mat niddrege Revenuen ze hëllefen op Elektrogefierer ëmzeklammen.

De Luc Frieden huet sech iwwert den Accord mat de Sozialpartner an de grousse Linne gefreet. D’Nora Back vum OGBL an de Patrick Dury vum LCGB och. De Sozialdialog géing rëm funktionéieren a se wieren elo nees bereet, op alle Niveauen nees mat ze diskutéieren. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP Romain Wolff huet sech gefreet, datt de Steierbarème un eng Indextranche ugepasst gëtt (dat ass de Crédit d’impôt conjoncture). D’Patronat dréit den Accord mat, well de Staat d’Mesuren iwwerhëlt. De Michel Reckinger vun der Unioun vun den Entreprisen huet eng Clause de Rendez-vous ervirgestrach, fir de Fall wou d’Kris am Mëttleren Osten, respektiv d’Energiekris nach méi laang dauert.

Duerchbroch um drëtten Dag vun der Tripartite: Reaktiounen um RTL-Mikro
De Premier Luc Frieden, d'OGBL-Presidentin Nora Back, den OGBL-President Patrick Dury an de Michel Reckinger um RTL-Mikro vum Jeannot Ries nom Accord

De ganzen Accord misst elo nach technesch op Pabeier bruecht ginn. D’nächst Woch géing et Detailer op enger Pressekonferenz ginn. De Pak géing eng 450 Milliounen Euro op 2 Joer kaschten. Géigefinanzéierungsmesurë si keng virgesinn, huet de Premier betount, an och keng nei, zousätzlech Steieren.

Back to Top
CIM LOGO