Den éischten Accident gouf et um 6.47 Auer op der Haaptstrooss zu Recken, wou e Chauffer e Bam ze pake krut a blesséiert gouf. Hie koum fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Mierscher Rettungsekippe waren op der Plaz.

Um 8.18 Auer dann en Accident op der A13 tëschent Keel a Schëffleng, wou sech zwee Autoen ze pake kruten. Op der Plaz waren d’CGDIS-Ekippe vu Keel, Rëmeleng a Beetebuerg, eng Persoun gouf bei dësem Accident verwonnt.
Eng gutt Stonn méi spéit gouf et dunn eng weider blesséiert Persoun zu Reisduerf an der Rue de l’Our, wou en Auto en Accident hat. D’Secouriste vu Reisduerf an aus der Fiels waren hei am Asaz.
Um 9.36 Auer koum et dunn zu engem schroen Accident op der RN11 tëschent dem Waldhaff a Gonnereng, wou sech zwee Autoen ze pake kruten. Zwou Persoune sinn dobäi blesséiert ginn, eng dovunner schwéier, heescht et vun der Police op Nofro hin. D’Streck tëschent dem Waldhaff a Gonnereng ass den Ament nach fir den Trafic gespaart. Am Asaz waren d’Rettungeskippe vun Nidderaanwen, Jonglënster an aus der Stad.