
Géint 11.25 Auer krute sech zu Märel an der Route de Longwy zwee Autoen ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz.
Fënnef Persoune goufen da blesséiert, wéi géint 12.30 Auer zwee Autoen um Potaschbierg net laanschtenee komm sinn. Hei waren nieft dem Samu aus der Stad d’Pompjeeë vu Fluesweiler an d’Ambulanciere vu Jonglënster, Mäertert a Réimech am Asaz.
Um 15.05 Auer ass dann zu Bieles an der Route d’Esch e Motocyclist gefall. Hei waren d’Ambulanciere vun Esch an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op der Plaz.