
Wéi de CGDIS mellt, gouf hinne géint 7.31 Auer eng Kollisioun tëscht dräi Autoen op der A4 a Richtung Stad gemellt. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert. Um Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch a Schëffleng.
E weideren Accident war iwwerdeem géint 7.39 Auer geschitt. Hei waren zwee Autoen zu Mutfert an der Route de Remich net laanschtenee komm. Dräi Leit goufe bei der Kollisioun verwonnt a vun den Ambulanciere vum Findel an de Pompjeeë vu Mutfert versuergt.