Aus dem CGDIS-BulletinFir zwee Bränn goufen 13 verschidde Corpse mobiliséiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Izeg an zu Helsem hat an en Dënschdeg den Owend respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg gebrannt.
Ënner anerem zu Izeg hat et gebrannt.
© Domingos Oliveira

Am Lokale mellt de CGDIS e Feier zu Izeg, wéi kuerz virun 2.00 Auer en Haus gebrannt huet. Pompjeeën aus direkt zéng Asazzentere waren op der Plaz, dat d’Ekippe vun Hesper, aus der Stad a vum Findel, Esch, Diddeleng, Mutfert, Sandweiler, Jonglënster, Beetebuerg a Mäertert. Am Bulletin vum CGDIS geet vun engem Blesséierten riets. E Mëttwoch de Moie konnt ee gesinn, datt d’Police Technique op der Plaz war.

© Domingos Oliveira

Zu Helsem huet dann en Hangar gebrannt, dat géint 17 Auer en Dënschdeg. Wei waren d’Corpse aus der Stad, vu Lëntgen, Miersch a Steesel ausgeréckt. Et blouf dem CGDIS no beim Materialschued.

E Mëttwoch de Moie waren d’Ekippe vu Reisduerf, der Fiels an der Nordstad esou wéi de Samu vun Ettelbréck op en Accident tëscht Méischdref a Reisduerf geruff ginn. De CGDIS mellt zwou blesséiert Persounen.

Op der Gare zu Bouneweg gouf da géint 8.40 Auer eng Persoun vun engem Bus ugestouss. Hei war nieft de Rettungsekippen aus der Stad op de Rettungshelikopter am Asaz.

Zu Miersch gouf et dann eng Dampentwécklung an engem Traffo. Dowéinst waren déi lokal Ekippen esou wéi hir Kolleege vu Lëntgen am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO