An der EuropaschoulFormatioun fir d'mental Gesondheet vun den Schüler

Lisa Weisgerber
Déi mental Gesondheet bei de Jonken ass warscheinlech ee vun de gréisste Problemer am Beräich vun der Educatioun.
Formatioun iwwer den Ëmgang mat psychologeschen Noutfäll an der Europaschoul
De richtegen Ëmgang mat méigleche mentale Problemer vun de Schüler ass wichteg, fir eng gelongen Educatioun.

D’Europaschoul huet sech d’mental Gesondheet vun de Schüler um Ufank vum Joer als eng vun hire Prioritéite gesat. D’Schoul huet eng Formatioun mat all dem Personal, dat mat de Schüler a Kontakt ass, ugefaangen, bei där d’mental Gesondheet vun de Schüler am Mëttelpunkt steet.

D’Initiative koum vun der Elteren-Associatioun, déi der Schoul d’Formatioun proposéiert hat. An enger éischter Etapp war nëmmen een Deel vum Personal concernéiert. Dës Erfarung huet d’Europaschoul 1 motivéiert, fir Virreider an deem Beräich ze sinn.

D’Method gouf an Australien ausgeschafft. Ekippe vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère hunn dës dunnzesumme mat der Ligue Santé Mentale adaptéiert.

D’Zil wier et, dem Personal Hëllefsmëttel ze ginn, fir erauszefannen, wéi de Schüler hir mental Gesondheet ass, fr dann och kënnen deementspriechend ze reagéieren.

D’Personal fënnt dës Formatioun och wichteg, fir d’Behuele vun de Schüler besser ze verstoen.

D’mental Gesondheet vun de Schüler huet och een Afloss dorop, wéi si sech wärend hirer Schoulzäit entfalen. Dofir ass et fir d’Direktioun vun der Schoul wichteg op hiert Wuelbefannen anzegoen.

Back to Top
CIM LOGO