112 melltFoussgänger zu Esch ugestouss a Brand op engem Feld zu Uespelt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goufen d'Ekippe vum CGDIS wéinst engem Blesséierten op Esch geruff an op Uespelt, fir e Brand ze läschen.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz no 15 Auer e Freideg de Mëtteg hat zu Esch an der Rue J-P. Bausch en Auto e Foussgänger ze pake kritt. Déi blesséiert Persoun gouf vum Samu an de Rettungsdéngschter vun Esch versuergt.

Bei Uespelt koum et géint 16 Auer zu engem Feier op engem Feld. D’Pompjeeë vun Uespelt, Fréiseng, Réimech, Réiser, Käerjeng an aus der Stad waren um Asaz.

Wéi et op Nofro beim CGDIS heescht, ass d’Feier entretemps ënner Kontroll. Duerch wat et kéint ausgebrach sinn, ass den Ament net gewosst. Wann ee selwer Zeie vun esou engem Brand gëtt, soll ee sech selwer a Sécherheet bréngen an den 112 kontaktéieren, betount nach de CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO