Presuméierten Täter gepëtztFra am Pafendall menacéiert a beklaut, dono weider Fra zu Eech geschloen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Festnam vun engem presuméierten Täter, deen eng Fra am Pafendall iwwerfall an dono eng weider Fra bei engem Sträit zu Eech geschloe soll hunn.
© Laurent Weber

E Méindeg géint 15.30 Auer gouf d’Police an de Pafendall geruff, wou der Police een Iwwerfall gemellt gi war. Eng Fra war mat engem Messer menacéiert ginn a krut de Rucksak an eng Bauchposch geklaut. D’Affer gouf beim Virfall net blesséiert, ma den arméierten Déif konnt sech duerch d’Bascht maachen.

Den nämmlechten Dag e bësse méi spéit - géint 18.45 Auer - gouf der Police dann nach ee Sträit tëscht engem Mann an enger Fra op engem Busarrêt un der Côte d’Eich gemellt, wou de Mann d’Fra geschloen hätt. D’Police ass dohi gefuer a konnt béid op der Plaz untreffen.

Am Kader vun der Kontroll an enger Fouille um Policebüro konnten eng Rei Géigestänn beim Aggresseur séchergestallt ginn - dorënner och Géigestänn, déi de Mann a Verbindung mam Iwwerfall am Pafendall bruecht hunn. Op Uerder vum Parquet gouf de verdächtege Mann festgeholl.

Zwee presuméiert Déif an der Stad festgeholl

En Dënschdeg am Nomëtteg gouf der Police dann nach gemellt, datt aus engem Geschäft aus der Stad geklaut gi wier. Éischten Informatiounen no hat ee Mann d’Caissière ofgelenkt, wärend säi Kompliz de Moment genotzt huet, fir eng Jackett ze klauen. Eng Policepatrull konnt déi zwee Verdächteg kuerz drop stellen a bei engem vun de Männer konnt déi geklaute Wuer dann och fonnt ginn.

Am Kader vu weideren Ermëttlunge konnt de Verdächtegen iwwerdeems nach mat weidere Virfäll, an deene Saache geklaut goufen, a Verbindung bruecht ginn. Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Abréch zu Monnerech an Ierpeldeng-Sauer

D’Police mellt an hirem Bulletin vun e Mëttwoch de Moien dann och nach eng Rei Abréch an Abrochversich uechter d’Land. En Dënschdeg de Moie gouf zum Beispill an een Haus an der Rue de Pontpierre zu Monnerech agebrach. Onbekannt Täter waren iwwert eng Dier an d’Haus komm an hunn alles duerchwullt. Et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

En Dënschdeg am Nomëtteg goufen der Police dann nach direkt e puer Persoune gemellt, déi probéiere géifen, an een Haus an der Porte des Ardennes zu Ierpeldeng-Sauer eranzekommen. Op der Plaz konnt d’Police dann och tatsächlech zwou verdächteg Persoune stellen. Een drëtte Verdächtege konnt méi spéit gepëtzt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erstallt.

Wéi ee sech beschtméiglech géint Abriecher preparéiere kann, kënnt Dir hei um Site vun der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO