Ombudsman Claudine KonsbruckFraen am Prisong: "Aktuelle System net adaptéiert un hir Besoinen an Doléancen"

Claudia Kollwelter
"D'Frae si minoritär an de Prisongen hei am Land, se hu keng Stëmm, keng Lobby an dofir ass den aktuelle System net adaptéiert un hir Besoinen an Doleancen."
Entrée vum Centre pénitentiaire zu Schraasseg
© Domingos Oliveira

Dat sot den Ombudsman, d’Claudine Konsbruck e Méindeg de Moie bei der Presentatioun vum 2. Rapport iwwer d’Situatioun vun de Fraen am Prisong. D’Frae maachen aktuell ronn 10% vun der Populatioun an de Prisongen zu Schraasseg a Giwenech aus. Wärend d’Konditioune fir d’Männer zu Schraasseg sech mat der Ouverture vum Uerschterhaff verbessert hätt, wier et fir d’Fraen net de Fall. De Block F fir d’Frae misst prioritär renovéiert ginn. Si wieren dacks nach an Zëmmeren zu zwee oder dräi, wärend d’Männer vill méi Eenzelzellen hunn.

Dat ass eng vu 57 Recommandatiounen aus dem Rapport. Donieft gëtt kritiséiert. datt d’Ateliere fir d’Fraen – strecken, wäschen, bitzen - almoudesch sinn. De Rapport wier awer net forcement eng Kritik mee villméi wéilt een op Lacunnen hiweisen.

Back to Top
CIM LOGO