Am Kader vu "School buses for Ukraine"Fréiere Bus vu Stad Lëtzebuerg als "Schoulbus" an der Ukrain am Asaz

Christophe Hochard
Schonn zanter 2023 ënnerstëtzt d'VDL d'Aktioun "School buses for Ukraine". Esou transportéiert ee Bus, dee fréier duerch d'Stad Lëtzebuerg gefuer ass, lo an der ukrainescher Regioun Rivne Schoulkanner.
De fréiere Bus vun der Stad Lëtzebuerg am Asaz zu Rivne an der Ukrain.
De fréiere Bus vun der Stad Lëtzebuerg am Asaz zu Rivne an der Ukrain.
© Facebook / Inna Yaremenko

E weidere Bus aus Lëtzebuerg ass aktuell an der Ukrain aktiv. Et handelt sech heibäi ëm e fréiere Bus vun der Stad Lëtzebuerg. An der Regioun Rivne gëtt de Bus als Schülertransport agesat. Rivne ass eng Regioun an der Ukrain, wou vill Familljen aus der Ostukrain wärend dem Krich hi geflücht sinn. Duerch de Bus kënnen d’Kanner hei nees an d’Schoul goen.

An engem Post op der Facebook Säit vum Inna Yaremenko, Vizepresidentin vun der Organisatioun “LUkraine”, gesäit een de Bus am Schnéi stoen.

Zanter 2023 ënnerstëtzt d’Stad Lëtzebuerg d’Aktioun “School buses for Ukraine”. Dëst ass eng Solidaritéitscampagne, déi vun der Europäescher Kommissioun an d’Liewe geruff an ënnerstëtzt gouf.

Vum Anne Calteux, déi d’Europäesch Kommissioun hei zu Lëtzebuerg vertrëtt, heescht et, datt Lëtzebuerg proportionell zu senger Gréisst dat Land wär, dat am allermeeschte Busser an d’Ukrain geschéckt hätt.

E puer Zuelen erausgegraff:

  • Am Dezember 2022 huet “Voyages Emile Weber” 8 Schoulbusser gespent.
  • Am Juli 2023 goufe vu Lëtzebuerg aus fënnef “AVL"-Busser, also Busser vun der Stad Lëtzebuerg, an d’Ukrain geschéckt. Am Oktober vum selwechte Joer goungen nach eemol néng grouss Busser vun der Stad Lëtzebuerg an d’Regioun vu Cherson.
  • Am Juni 2024 huet Nidderaanwen zwee Minibusser gespent.

Gepanzert Ambulanzen an ënner anerem Material vum CGDIS goufen och schonn an d’Krichsregioune geschéckt.

De 4. November 2023 war d’EU Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen op Besuch zu Kiew. Mat dobäi war d’ukrainesch First Lady, Olena Selenska. Deemools goufen 370 Schoulbusser, déi am Kader vun der Aktioun “School buses for Ukraine” zesummekoumen, un ukrainesch Gemengen iwwerginn.

Schätzungen no ginn et an der Ukrain eng 5,7 Millioune Kanner am schoulflichtegen Alter. D’EU-Kommissioun huet 1,5 Millioune Schoulbicher un d’Ukrain gespent.

Back to Top
CIM LOGO