RéckruffFriemkierper - Glas oder Plastik - a Champignone vu Mark Daylicious

RTL Lëtzebuerg
Betraff sinn de Champignon-Mix respektiv déi wäiss Champignone vun der erwäänter Mark.
Symbolbild vun de Champignonen, déi zeréckgeruff ginn.
© RTL Grafik

LU-Alert gëtt eng Warnung viru Champignone vun der Mark Daylicious eraus, well hei Glas oder Plastik an de geschniddene Champignone kënnen ze fanne sinn.

Betraff sinn de Champignon-Mix, deen an der 250-Gramm-Packung ze kafen ass. Dës Produiten, déi de Barcode 4068261077922 hunn, goufen tëscht dem 9. an 10. Januar verkaf a si bis de 15. Januar gutt.

Déi selwecht Datumer gëllen dann och fir déi wäiss Champignonen. Dës ginn an der 300-Gramm-Packung verkaf a si mam Barcode 4068261076796 gekennzeechent.

LU-Alert no goufen dës op verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg verkaf.

Back to Top
CIM LOGO