Wéi et op Nofro bei der Police heescht, si beim Accident tëscht Dondel an dem Katrewang zwou Persounen an Spidol ageliwwert ginn. Eng vun de Persoune wier schwéier verwonnt, déi aner wier fir e Kontroll an Spidol komm. Dëst confirméiert och de Bulletin vum CGDIS, dee weider präziséiert, datt d’Ekippe vu Kielen, Mamer, der Stad a Miersch op der Plaz waren.
Da mellt den 112 nach verschidden aner Tëschefäll_ Tëscht Uewerkäerjeng an Héiweng an d’Schleideren, esou datt d’Gefier an engem Feld gelant ass. D’Rettungsdéngschter vu Péiteng, Käerjeng a Mamer waren am Asaz. Op der A7 a Richtung Stad op der Héicht vum Waldhaff krute sech zwee Autoen ze paken. Hei mellen d’Ekippe vu Jonglënster an Nidderaanwen zwee Blesséierter.
Ee Verwonnten dann an der Rue de Beggen an der Stad, wéi en Auto an e Motorrad aneneegerannt waren an zu Rëmeleng hat en Auto gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen. A béide Fäll waren déi lokal Rettungsekippen am Asaz.