Invité vun der Redaktioun (26. November)Emile Eicher, President vum Gemengesyndicat Syvicol

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie si Gemengefusioune Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wat huet eng Gemeng dovun, wa se mat hirer Nopeschgemeng fusionéiert? Wat bréngt dat de Bierger konkret am Alldag? A wéi vill Gewiicht hunn d'Gemengen, wann d'Regierung iwwer bezuelbar Wunnengen oder d'Betreiung vu Kanner decidéiert?

De Gemengesyndicat Syvicol vertrëtt zanter 40 Joer d'Interesse vun de Gemengen an doriwwer schwätzen mer mam President Emile Eicher.

Den CSV-Deputéierten ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO