Wéinst SalmonellenGedréchent Zoossiss vum Auchan gëtt zeréckgeruff
Wéi d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) e Samschdeg matdeelt, muss wéinst der Gefor vu Salmonellen d'gedréchent Zoossiss vum Auchan zeréckgeruff ginn.
Verëffentlecht: 10.10.26 15:52
D'Zoossiss, déi vum Auchan als "P'tits Saucissons secs Parmesan" verkaf gëtt, war tësschent dem 11. August an dem 9. Oktober an der Vente.
Weider Detailer zum concernéierte Produit fannt dir um Site vun LU-Alerte.