
Zu Dummeldeng sinn en Donneschdeg am Nomëtteg op enger Parkplaz an der Géigend vun der Gare 11 Gefierer beschiedegt ginn. All wuel mat engem spatze Géigestand zerkraazt, wéi d’Police präziséiert. D’Spueresécherung gouf op d’Plaz geruff an d’Ermëttlunge lafen.
Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Stater Police um 244 40 1000 mellen.
En Donneschdeg den Owend krut d’Police dann nach e puer Jugendlecher gemellt, déi op der Rommwiss zu Baschelt wuel Booter beschiedegt hätten. Et wier souguer e Boot versenkt ginn. E puer vun de Jonke konnt d’Police nach op der Plaz untreffen. Si goufe gestallt an et gouf protokolléiert.