
Am Kader vum Projet fir een neit Gemengenhaus krut d'Gemeng eng Rechnung an Héicht vu méi wéi 407.000 Euro vun enger Baufirma. Datt déi Rechnung korrekt war, hätten esouwuel d'Mataarbechter vun der Gemeng wéi och den zoustännegen Architektebüro confirméiert. Dunn hätte sech awer Onéierlecher an de Server vum Architektebüro gehackt an der Gemeng per Mail matgedeelt, datt sech d'Bankcoordonnéeë vun der Baufirma geännert hätten. Ee vun de Kriminellen hätt och iwwert Telefon mat Mataarbechter vun der Gemeng Kontakt gehat. Mëtt Mee wieren d'Suen iwwerwise ginn.
Réischt wéi d'Baufirma sech am Laf vum Juni beschwéiert huet, datt se hir Suen nach net kritt hat, wier de Bedruch opgefall. Mëttlerweil krut d'Baufirma hir Suen. Antëscht hätt een als Gemeng d'Police informéiert an d'Bank gefrot, fir d'Iwwerweisung ze blockéieren, dat wier awer net méi méiglech gewiescht, sou datt d'Sue wuel fort sinn. Och wann d'Mataarbechter vun der Gemeng kee Feeler gemaach hätten, géing een d'Sécherheetsmesuren elo nach eng Kéier verstäerken.