Plainte ass deposéiertGemeng Manternach sicht wéinst Vandalismus zu Berbuerg no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gemeng an de soziale Medie schreift, koum et an der Nuecht op e Freideg zu engem Akt vu Vandalismus zu Berbuerg.

An der Nuecht vum 20. op den 21. August "goufen zu Berbuerg muttwëlleg Saache beschiedegt an zerstéiert", schreift d'Gemeng Manternach op Facebook an huet och Fotoen dobäi gesat, fir dëst ze illustréieren. Betraff waren de Campus Renert, d'"Schullstrooss", "Am Wangert" an "An der Gruecht".

D'Gemeng Manternach verurteelt den Akt, well d'Installatioune vun der Allgemengheet bezuelt an ënnerhale ginn. "Si sinn do fir jiddereen a solle vu jidderengem respektéiert ginn." Eng Plainte bei der Police gouf deposéiert.

Da mécht d'Gemeng och nach en Zeienopruff un d'Populatioun: Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police vum "Museldall" um 244 70 1000 oder bei der Gemeng Manternach um 70 01 72 21 mellen.

Back to Top
CIM LOGO