
Am ganze Land géingen d’Inegalitéiten an d’Aarmut an d’Luucht goen, seet d’Carole Reckinger, politesch Spriecherin vun der Caritas. An Zäite vu Multikrise kéinten d’Gemengen hëllefen, dogéint virzegoen. Schliisslech wier dëst d’Plaz, wou d’Leit sech begéinen a sech kënnen abréngen. Wichtegen Usaz wier zum Beispill, dass d’Offices sociaux géingen harmoniséiert ginn. Et wier nämlech schwéier erauszefannen, wéi eng Konditioune géinge fir d’Leit gëllen. Dës wieren nämlech vu Gemeng zu Gemeng anescht. “Am Ufank steet d’Aarmut an d’Inegalitéit”, sou d’Carole Reckinger. Dono kéimen déi aner Problemer, mee iergendwéi géing awer och alles zesummenhänken.
Eng weider Revendicatioun un d’Gemengen ass, den Accès zum Logement fir vulnerabel Persounen z’erliichteren. An d’Zesummeliewe soll duerch d’Abanne vun de Leit beim Plange vun neie Quartiere verbessert ginn. Doriwwer eraus sollen d’Gemengen am Kampf géingt de Klimawandel eng Virreiderroll anhuelen. Dozou zielt zum Beispill ëffentlech Gebaier sanéieren oder saisonal a lokaalt Iessen a Maison relais oder Kantinnen unzebidden.
Wéi gutt d’Gemenge sech hei am Land elo schonn engagéieren, kann déi politesch Spriecherin vun der Caritas net genee soen. Et wiere Gemengen, déi scho géinge vill um soziale Plang maachen wéi d’Stad Lëtzebuerg. Mee an de Stied géing et och eng aner Realitéit um Terrain ginn wéi a klenge ländleche Gemengen.
Et ass déi éischte Kéier, dass d’Caritas Revendicatioune fir d’Gemengewalen opgestallt huet. Keen einfachen Exercice, well d’Kommunalpolitik méi komplizéiert wier, wéi déi National, an deem Sënn, dass d’Gemenge ganz ënnerschiddlech funktionéieren.
De Revendicatiounskatalog gouf elo un d’Gemenge geschéckt a wäert de politesche Parteie presentéiert ginn. Och um Internetsite vun der Caritas ass en ze fannen.