Eclat an der Gemeng BechGemengerot stëmmt mat 5 zu 4 Votte géint Budget

Pit Everling
E Mëttwoch den Owend huet de Gemengerot géint de Budget gestëmmt, mat 5 Nee- zu 4 Jo-Stëmmen.
© RTL-Archiv

De Schäfferot huet also keng Majoritéit méi a wäert deemnächst mat enger Motion de censure confrontéiert ginn. D’Buergermeeschtesch Jill Goeres huet dëst RTL géigeniwwer confirméiert.

Wéi d’Conseilleren Emile Bohnenberger, Laurent Fisch, Gilles Kartheiser, Max Pesch a Bibi Wintersdorf en Donneschdeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt hunn, hätte si nom Vott d’Motion de censure schonn agereecht. Am Communiqué erkläre si hir Decisioun, fir géint de Budget ze stëmmen. Fir d’Conseillere wier et eng “logesch Konsequenz aus de politesche Spannungen tëscht der aktueller Majoritéit an der feelender Bereetschaft, d’Zukunftsfroe vun eiser Gemeng zesummen unzegoen”.

D'Schreiwes vun de fënnef Conseilleren aus der Gemeng Bech.

Back to Top
CIM LOGO