Abroch-Serie?Gëtt am Moment méi agebrach?

Serge Pauly
Diana Hoffmann
Wann een duerch déi rezent Policemeldunge kuckt, kéint ee mengen, dass déi lescht Woche besonnesch vill agebrach gouf.
Gëtt am Moment méi agebrach?
Wann een duerch déi rezent Policemeldunge kuckt, kéint ee mengen, dass déi lescht Woche besonnesch vill agebrach gouf.

Abrochpreventioun - E Reportage vum Diana Hoffmann

Offiziell Zuele fir 2022 ginn et nach keng. Mä d’Police confirméiert eisen Androck, dass am Moment méi agebrach gëtt wéi soss. Dat huet natierlech mat der däischterer Joreszäit ze dinn an domadder, dass Pandemie eriwwer ass. D’Zuel vun den Abréch wär gefillt erëm um Niveau vu virun dräi Joer. Mä well Lockdown an Télétravail och schlecht fir de Business vun de Brigange war, hunn déi eng nei lukrativ Plaz entdeckt. Et gëtt ëmmer méi a Kelleren agebrach.

Den Tim Pauly vum Service national de prévention de la criminalité explizéiert:

«Dat geschitt virun allem a Méifamilljenhaiser, wou d’Leit relativ einfach d’Méiglechkeete ginn, fir dass d’Täter erakommen. Sief et, dass se schelle fir eranzekommen, an iergendeen opdréckt, ouni ze froen, wien do ass. Da gëtt et natierlech och d’Méiglechkeete fir duerch Garagepaarten. An dann hu si et relativ einfach, wa si bis am Gebai sinn, fir hir Abréch am Keller ze maachen.»Den Abriecher spillt et och an d’Kaarten, dass vill Leit dëse Wanter op hire Stroumverbrauch oppassen. Mä en däischtert Haus ass och eng Invitatioun fir ongefrote Visiteuren. Virun allem bannenan soll ee mat der Beliichtung suggeréieren, dass een doheem ass. De Polizist Tim Pauly réit de Leit trotz Stroumpräis Luuchte mat Minuterie anzeschalten oder speziell Tele-Simulateuren op LED-Basis ze benotzen, déi och net allzevill Stroum verbrauchen.

Den Nationale Preventiounsservice vun der Police recommandéiert och Alarmanlagen. Zu 95 Prozent géif nämlech an ongeséchert Haiser oder Wunnengen agebrach ginn. Weider ass et de gudde Rot, net bei der Sécherheet ze spueren. Wann een déi néideg Mesurë bei engem Neibau direkt mat aplangt, géif sech de finanziellen Impakt och a Grenzen halen. Mä mat der richteger Technik eleng ass et net gedoen.

«Wann een eng gutt Dier huet, an déi ass net zougespaart, dann ass et wéi wann déi Sécherheeten net dru wieren. Wann een eng gutt Fënster huet a si ass op Kipp, dann ass et eng oppe Fënster. Do muss een de Leit ëmmer erëm Rappeller maachen. Et ass wichteg déi Saachen och ze notzen, déi een huet.»

D’Police bitt an hirem Preventiounsservice um Findel eng gratis Berodung un, wou interesséiert Leit, déi grad bauen, oder hiert Haus oprüste wëllen, onofhängeg Rotschléi kréien, wéi eng Sécherheetsmesuren an hirem Fall néideg a sënnvoll sinn.

Back to Top
CIM LOGO