Am RTL-Interview huet de Gilles Roth nach emol betount, datt déi en Dënschdeg presentéiert Steierreform d’Bestietnis net entwäerte soll. Au contraire, et géif een dem Bestietnis an der Gesellschaftsform vun haut Rechnung droen:
"(...) Wou d’Leit net alleguerte méi klassesch bestuet sinn, se si gepacst, se si gescheet, se liewen esou zesummen, dat ënnerstëtzt dës Reform. A fir de Rescht, mengen ech, muss ee kucken an der Zäit, wéi een um Niveau vun der Sécurité sociale dem Bestietnis oder Net-Bestietnis verstäerkt ka Rechnung droen.”
Kaschte wäert d’Reform de Staat pro Joer iwwer eng Milliard Euro. Wou sollen déi Suen hierkommen? Fir de Finanzminister ass d’Reform an éischter Linn en Invest:
“Mir maachen en Invest an d’Leit, an d’Kafkraaft vun de Leit. Duerfir ass dës Regierung mat méi Netto vum Brutto ugetrueden. Duerfir kann een net einfach soen, dat kascht elo esou vill, dass net, dass net dass mer déi Suen zur Fënster erausgeheien, mee mir investéiere se an d’Leit. Richteg ass och, dass mer en Deel dovunner géigefinanzéieren, praktesch d’Hallschent mat deenen opgelafenen Indextranchen, déi bis 2028 wäerten ufalen. Dat si Suen, déi d’Leit kuerzfristeg net kréien, mee si kréien se awer dann ab dem Joer 2028 zréck.”
Méi héich Revenuen, respektiv d’Kapital, gi mat der neier Steierreform jo nach ëmmer manner héich besteiert, wéi d’Aarbecht. De Gilles Roth erënnert dobäi drun, datt keng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz am Regierungsprogramm virgesinn ass:
“Dee läit bei eis bei 42 Prozent do kënnt awer nach d’Solidaritéitssteier derbäi, do kënnt och nach d’Assurance-dépendance dobäi, sou dass héich Revenuen awer mat 45 Prozent a souguer liicht weider besteiert ginn. Wat ech wëll, dat ass, dass déi Verméigen, déi Akommessen, déi d’Leit hunn, dass déi dem Gesetz no besteiert ginn an dass déi Steieren, déi ee muss bezuelen, dass déi och ufalen. Dat heescht, dass vun der Steierverwaltung ermëttelt gëtt, gerecht - dat ass och en Deel vu Steiergerechtegkeet - dass ee Steieren op dat bezilt, wat ee wierklech als Loun, Gehalt an aner Revenuen huet. Duerfir wäerte mer och d’Steierverwaltung weiderhin informatiséieren, well een dat méi genau ka kucken, well dat och en Deel vu Gerechtegkeet ass. Kee soll méi Steiere bezuelen, wéi am Gesetz virgesinn, mee jiddweree soll déi Steieren, déi bei sengen Einkunftsaarten ufalen, dass déi och gerecht kënne besteiert ginn.”
De Finanzminister Gilles Roth ass e Mëttwoch de Moien och eisen Invité vun der Redaktioun um Radio, dat wéi gewinnt um kuerz no 8 Auer.
Liest dozou och hei: