CSV-DP-RegierungNo der Steierreform bezilt kee méi Steiere wéi bis elo

François Aulner
Marlène Clement
Jeannot Ries
Céline Eischen
"Mateneen. Fir all Famill. Fir all Kand", esou huet d'CSV-DP-Regierung de Mesurëpak betitelt, deen en Dënschdeg an der parlamentarescher Finanzkommissioun an dono virun der Press presentéiert gouf.
No der Steierreform bezilt kee méi Steiere wéi bis elo
“Mateneen. Fir all Famill. Fir all Kand”, esou huet d’CSV-DP-Regierung de Mesurëpak betitelt, deen en Dënschdeg presentéiert gouf.

Déi grouss Steierreform vun der CSV-DP-Regierung, déi eng eenzeg Steierklass virgesäit, soll den 1. Januar 2028 a Kraaft trieden. Se wäert och no Upassungen un den initiale Proposen de Staat tëscht 850 Milliounen an 1 Milliard Euro d’Joer kaschten. Dat sot de Finanzminister Gilles Roth en Dënschdeg de Moie virun der Press, nodeems hien de Gesetzprojet fir d’Reform an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert huet. Fir d’Reform géigenzefinanzéieren, ginn d’Upassunge vum Barème un d’Inflatioun, déi nach ustinn, also 2,5 Indextranchen, mee och déi, déi nach bis 2028 kommen, net ënnerholl.

D’Haaptelementer vun der Reform ware scho bekannt: Déi eenzeg Steierklass géing sech un der aktueller Klass 1A orientéieren – déi fir Monoparentallen, gescheete Leit oder Wittleit. Dowéinst géing et virun allem Entlaaschtunge fir d’Jonggesellen an der Klass 1 ginn, mee och eng Rei bestuete Koppelen an der Klass 2.

A Prozenter ausgedréckt, gi méi kleng Revenue méi entlaascht, an Euro ausgedréckt méi héich Revenuen.

Koppelen, wou just ee Partner Sue verdéngt, kéime par konter méi schlecht ewech an dowéinst soll et eng Transitiounsphas ginn. Dës war ufanks op 20 Joer ugeduecht, mee gouf elo op 25 Joer verlängert.

Well d’Reform 2028 soll a Kraaft trieden, géing dës Phas bis Enn 2052 daueren. Donieft goufen Upassungen um neie Barème ënnerholl, fir den Impakt op bestuete Koppelen nach méi ofzefiederen. D’Iwwergankszäit fir Leit, déi Wittleit ginn oder gescheet ginn, fir vun der Klass 2 an d’Klass 1A ze kommen, gëtt vun dräi op fënnef Joer verlängert, esou eng weider nei Annonce.

Nei ass och en Abattement vu 5.400 Euro fir Kanner bis dräi Joer.

E Paradigmewiessel an der Gesellschaftspolitik?

Och de Familljeminister Max Hahn (DP) huet eng Rei Mesurë presentéiert, fir Famillje mat Kanner ze entlaaschten.

Dem Minister no wier et ee Paradigmewiessel an der Gesellschaftspolitik – der Regierung géing et nämlech net just ëm e moderne Steiersystem goen, mee och ëm e System, deen de gesellschaftleche Realitéite Rechnung dréit: “Der Regierung soll et egal sinn, ob een an enger Koppel lieft, ob ee single ass, ob ee bestuelt ass, ob ee gepackst ass, mee wat eis als Regierung awer wierklech net egal ass, dat ass de Fakt, ob eng Koppel oder en eenzelnen e Kand am Stot huet oder net.

Dofir hëlt d’Regierung 250 Milliounen Euro an de Grapp, ënner anerem ginn d’Leeschtunge vun der Zukunftskeess adaptéiert, d’Kannergeld gëtt ëm 45 respektiv 60 Euro de Mount gehéicht an och d’Allocation de rentrée scolaire gëtt, jee no Alter vum Kand, ëm 60, respektiv 90 Euro eropgesat.

Ma dobäi soll et net bleiwen, sou de Max Hahn: “Dann ass et esou, dass et nach eng Rei Leeschtunge ginn, déi d’Zukunftskeess ausbezilt, déi net indexéiert sinn an déi wäerte mer re-indexéieren. Dat ass zum engem déi elo grad genannten Allocation de rentrée scolaire. Op där anerer Säit ass d’Allocation spéciale supplémentaire och nach als zweet Kannergeld bekannt, wat ee kritt am Fall vun zum Beispill engem Handicap. An d’Allocations de naissance wäerten och indexéiert ginn.”

Bei dëser Allocation de naissance kënnt dann och eng zousätzlech véiert Tranche vu 580 Euro dobäi.

Nei dobäi kënnt awer och eng zousätzlech cibléiert Mesure fir Famillje mat Kanner, déi an der Schoul sinn. Jee no Alter vum Kand an Akommes vun den Eltere kënnen dat bis zu 3.000 Euro am Joer sinn. Dës Mesure gëtt mat aneren Hëllefe wéi der Allocation de vie chère, der Energieprime an der Aide financière pour personnes agés regruppéiert.

De Familljeminister erkläert: “Wat eis et erlaabt, fir zum engem ze automatiséieren, do wou et geet, dat heescht zum Beispill bei Revis-Bezéier, awer och derfir ze suergen, dass mer just nach ee Barème hunn, deen applikabel ass, an dass mer derfir suergen, dass ee just nach eng Kéier muss eng Demande maachen a wann een da weiderhin d’Konditiounen erfëllt, wat de Staat selwer feststelle kann, dass een da weiderhin déi Hëllefen ausbezuelt ka kréien.

No der Steierreform bezilt kee méi Steiere wéi bis elo
“Mateneen. Fir all Famill. Fir all Kand”, esou huet d’CSV-DP-Regierung de Mesurëpak betitelt, deen en Dënschdeg presentéiert gouf.

Iwwerdeems sot den Educatiounsminister mat der Reform vum Chèque-Service Accueil géing et 79 Milliounen Euro méi Entlaaschtung ginn. Méi Detailer huet hie fir d’nächst Woch ugekënnegt.

De Premier Luc Frieden huet betount, datt seng Regierung d’Leit an d’Kanner wéilt stäerken an d’Steieren un déi nei gesellschaftlech Realitéiten upassen.

Weider Detailer fannt Dir um Site vun der Regierung.

Back to Top
CIM LOGO