RegierungsrotGratis Kannerbetreiung an der Maison Relais wärend Schoulzäiten ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Zil ass et, datt d'Mesure fir déi nächst Rentrée a Kraaft triede kann. De Gesetzprojet gëtt also op den Instanzewee geschéckt.

Alleguerten déi scolariséiert Kanner solle vu September u wärend der Schoulzäit vun enger gratis Betreiung an engem gratis Iessen an der Maison Relais profitéieren. Wéi et vum Educatiounsministère heescht, wier dëst eng Mesure am Sënn vun der Chancëgerechtegkeet, well den Accès zu der non-formaler Bildung zu der globaler Entwécklung vun de Kanner bäidréit.

Back to Top
CIM LOGO