ArcelorMittalGrondstee fir den neie Sëtz gouf geluecht

Claudia Kollwelter
De Bau vum neie Siège vun ArcelorMittal um Kierchbierg gouf e Mëttwoch offiziell lancéiert.
Neie Sëtz fir ArcelorMittal
E Mëttwoch gouf e Grondsteen fir den neien Siège um Kierchbierg geluecht.

Bis 2026 soll d’Gebai, wat vum franséische Stararchitekt Jean-Michel Wilmotte entworf gouf, um Boulevard J.F. Kennedy stoen. Eng impressionant Architektur aus - wéi kéint et och anescht sinn - Stol.

Neie Sëtz vun ArcelorMittal / Reportage Claudia Kollwelter

10.000 Tonne Stol, dee gréisstendeels zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, gi fir d’Gebai benotzt, dat 22 Stäck wäert hunn an 80 Meter héich gëtt. Mä net egal wéi ee Stol, mä recycléierten. De Lakshmi Mittal huet betount, datt d’Zäite sech geännert hätten an de Fokus op der Nohaltegkeet läit.

Stol ass d’Material, wat mer all Dag maachen, och hei zu Lëtzebuerg, zu Déifferdeng, um Belval, Rodange a Biissen huet och vill geännert.

Eenzegaarteg beim Gebai wier awer och, datt de Stol net just recycléiert ass, mä en och nach spéider benotzt ka ginn, erkläert de Finanzchef vun Arcelor Aditya Mittal. Wa mer iergendwann eppes aneres wëlle maachen oder d’Gebai rekréeiert soll ginn, kënne mer de Stol huelen an an enger anerer Konstruktioun benotzen.

Hien ass net midd ginn, ze ënnersträichen, wat alles mat Stol méiglech ass. Kreeslafwirtschaft, CO2-Foussofdrock, Käschtepunkt an Nohaltegkeet. An net ze vergiessen, d’Schéinheet vum Stol. Et kann een d’Eleganz vum Gebai gesinn, d’Liichtegkeet an d’Transparenz.

D’Lëtzebuerger Regierung huet Ufanks dës Joers e Projet de Loi deposéiert, mat deem de Staat ArcelorMittal d’Hallschent vu sengem neie Siège um Kierchbierg ofkeeft. Iwwert d’Polemik, datt de Staat fir 273,5 Milliounen Euro 18.000 Meter Carré Bürosfläch kritt, war beim Event natierlech net riets. De Premier Xavier Bettel huet de Projet méi wéi gelueft an d’Gebai “dingue” genannt.

Op den Daach vum Gebai kommen iwwerdeems Solarpanneauen a Gäert. D’Gebai soll 2026 dann ageweit kënne ginn.

Back to Top
CIM LOGO