
E Mëttwoch de Moien ass an der Chamber iwwer eng Petitioun debattéiert ginn, déi d’Enn vum CovidCheck an ëffentleche Gebaier an an de Betriber fuerdert. Iwwer 6.000 Leit haten déi Petitioun ënnerschriwwen.
D’Petitionären hunn den Deputéiert e Manktem un Dialog reprochéiert, déi hunn dat zréckgewisen. Eleng, datt elo géif ëffentlech iwwert hiert Uleies debattéiert ginn, géif de Contraire weisen.
E Copetitionär huet och en Holocaust-Verglach mat der Corona-Pandemie gemaach. D’Chamber dult dee Verglach op kee Fall. Bal all d’Deputéiert hunn doropshin aus Protest de Sall verlooss.
Wat d’Revendicatioun vun der Petitioun ugeet – de CovidCheck ofzeschafen – hunn d’Deputéiert op dat neit Covid-Gesetz verwisen. Just den 3G an de Spideeler an an den Altersheemer soll jo bleiwen.