
Am Ettelbrécker Spidol funktionéiert nämlech elo eng Urgence Pediatrique. Do kënne liicht bis mëttelschwéier Fäll versuergt ginn, bei schwéiere Fäll gëtt fir déi kleng Patienten den Transfer an d’Stad organiséiert. Den éischte Weekend war scho groussen Undrang. Iwwer 40 Fäll pro Dag waren et. Méi wéi geduecht an domat net vill Zäit fir déi nei Ekippe sech anzegewinnen. Den Dr. Mehran Rezvani hat e Freiden och säin éischten Aarbechtsdag zu Ettelbréck. Hien hätt haaptsächlech Wanterkränkte gesinn, also z.B Anginnen a Streptocoquen-Infektiounen.

Ma et wieren och e puer Fäll dobäi gewiescht, déi besser ee Rendez-vous an enger Praxis gemaach hätten. An der Urgence géif een eng 15 Minutte pro Patient aplangen, dat wier net genuch Zäit fir eng Consultatioun. An d’Urgence soll ee kommen, wann et akut Symptomer sinn oder den Zoustand vum Kand op eemol méi schlecht gëtt.
Zanterdeem d’Garde sur Place an de Bereetschaftsdéngscht bezuelt ginn, wier d‘Schaffen am Spidol och nees méi attraktiv, erzielt den Dr. Jean-Marc Cloos, medezineschen Direkter vum Ettelbrécker Spidol. De Personalproblem géif sech domat lues a lues opléisen.
“Mir hunn zwou Ekippen. Eng Ekipp déi eng Garde sur Place mécht, déi d‘Pediatrie vu moies 8 bis owes 8 an eiser Urgence assuréiert. Déi zweet Ekipp mécht eng Astreinte (Ruffbereetschaft), déi dann dee Moment nach an der Kannerklinik laanscht geet.”
Kardiologie ass nees operationell
Am Beräich vun der Kardiologie haten d’lescht Joer jo déi 6 Häerzdoktere kollektiv d’Spidol verlooss. Aktuell hätt een erëm zwee Kardiologen, déi aktuell eng Ruffbereetschaft assuréieren. En Drëtte soll geschwënn dobäi kommen. Et ginn allerdéngs Operatioune wéi de Placement vun engem Häerzschrëttmécher mat Defibrillator, déi just am Häerzzentrum (INCCI) gemaach kënne ginn. Do géif een awer un enger Zesummenaarbecht schaffen.
Ettelbrécker Spidol: Zanter dem 1. Februar ass d’Urgence fir Kanner daagsiwwer op