Fir déi, déi net kënnen do sinn: RTL iwwerdréit d'Freedefeier fir den Ofschloss vun der Schueberfouer um 22 Auer am Livestream.
Och dëst Joer huet d'Schueberfouer nees ronn zwou Millioune Visiteuren ugezunn. Dem Bilan vum Fouermeeschter no souguer 10 bis 12% méi wéi zejoert. 214 Stänn waren dobäi, dorënner véier nei Attraktiounen, een neien Iessstand an dräi nei Verkafsstänn.
Kuckt hei de kompletten Dossier vun der Schueberfouer, mat Artikelen a Fotogalerien