De Laurent Schwaller schwätzt vun engem ganz positive Bilan an ëmmerhin 10 bis 12% méi Visiteure wéi dat Joer virdrun, och wann dat net forcement dat beschte Fouer-Joer gewiescht wier. Och Punkto Sécherheet fält de Bilan vum Fouermeeschter ganz positiv aus:
“Dat ass ëmmer eis gréissten Angscht, datt eppes geschitt oder eng Pann ass. Do si mer gutt derlaanscht komm. Et goufe puer kleng Boboen, wou de CGDIS konnt behandelen oder ambulant konnte behandelt ginn. Vun technesche Problemer hate mer quasi näischt ausser deen ee bëssen méi witzegen Tëschefall op der "Wilden Maus", wou zwee liicht ugedronk Jugendlecher sech selwer um hallwer 4 Moies agespaart haten, mee déi hu mer jo och eraus krut.”
Och de Charles Hary, President vun de Forainen, beklot sech, net wat d'Unzuel u Visiteuren dëst Joer ugeet:
“Et si vill Leitm déi mer net als Clientë kennen, et kommen ëmmer neier. Mee dat mécht Kiermes och attraktiv. Déi ganz Groussregioun kënnt heihin.”
Ginn d'Leit dann net awer manner Suen aus wéi an de Jore virdrun?
“U sech net esou. D’Schueberfouer ass eenzegaarteg. Wou mer et mierken, ass op anere Kiermessen, wou Leit just nach een Dag kommen, amplaz zwee. Mee dat ass esou, jidderee muss no sengem Geld kucken an iwwert d’Ronne kommen.”
An de nächste Woche géif den Debriefing gemaach ginn an detailléiert Analysen op méi Niveauen huet de Laurent Schwaller nach erkläert. Fir de Fouermeeschter wier et wichteg, datt d'Schueberfouer an där Form, wéi se elo déi lescht Joer um Glacis organiséiert gouf, och bleift:
“Am Endeffekt sinn et natierlech politesch Decisiounen, mee ech mengen eis ass et wichteg, dass d' ouer elo op där Plaz hei an an där Gréisst och hei bleift, och dass dat eent Gleis vum Tram zur Verfügung steet, well d'Fouergeschäfter nun emol déi Gréisst hunn, déi se hunn. A wa mer elo do misste méi kleng maachen, da fält eng Allee wech, dat heescht, eng ganz Rëtsch Geschäfter an och e ganz anere Sécherheetsdispositif. An da si mer erëm bei den Zuele vun de Leit, etcetera. Dat huet also méi e groussen Impakt, wéi just ze soen, oh, elo falen eng hallef Dose Geschäfter ewech. Dat heescht, fir eis ass et wichteg, kënnen an deem Dispositif, wéi mir elo hunn, och virunzeplangen. “
Den Enn vun der Schueberfouer bedeit fir d'Organisateuren dann awer och schonn direkt den Ufank vun der nächster Editioun.
Bis Enn September hunn d'Forainen nämlech Zäit, hir Demanden eran ze ginn. Donieft stinn natierlech och déi aner Kiermessen an d'Chrëschtmäert nach un, op déi sech nom Ofbau um Glacis dann och wäert drëm gekëmmert ginn.