Festnam an Drogesaisie zu EschHaschisch dobäi gehat, op Tankstell randaléiert a Beamte beleidegt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg hat d'Police zu Esch zwee Asätz.
Symbolbild vun enger Festnam.
© Laurent Weber

An der Rue Michel Rodange ass Policebeamten e Mann opgefall, dee sech verdächteg beholl hat, wéi hien d’Polizisten erbléckst hat. Well de Verdacht bestanen huet, datt et sech bei him ëm e presuméierten Drogendealer handelt, gouf hie kontrolléiert, woubäi eng klenger Quantitéit Haschisch fonnt gouf. D’Droge goufe saiséiert a géint de Mann Protokoll erstallt.

E weidere Virfall gouf et an der selwechter Nuecht an der Rue d’Audun bei enger Tankstell, wou e Mann randaléiert huet. Hie gouf immobiliséiert an huet dunn nach d’Beamte beleidegt. Well de Mann staark alkoholiséiert war a fir sech an anerer eng Gefor duergestallt huet, koum hien no enger medezinescher Kontroll an Arrest. Wéinst Beleidegung gouf hie protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO