
Kuerz viru 6 Auer e Mëttwoch de Moie koum et tëscht Mënsbech an Nidderaanwen op der Kräizung tëscht dem CR132 an der Rue Gabriel Lippmann zu engem heftegen Accident. Zwee Autoe krute sech hei ze paken. Zwou Persoune koumen doropshin an d'Spidol. Op der Plaz war dann och de Samu.

Den Trafic op der Plaz war fir eng Zäit perturbéiert an et huet deels staark gestaut. Mëttlerweil ass den Accident awer nees geraumt.
