
Duerch d’Biergerbedeelegung wëll d’Gemeng elo weider Donnéeë sammelen. Dofir ginn an engem éischten Ulaf véier Konferenzen an Zesummenaarbecht mat der Waasserverwaltung organiséiert, fir d’Bierger iwwer d’Risiken z’informéieren, mee och fir Donnéeë fir eng Etüd ze sammelen. Eng Partie Ännerunge goufen no de leschten Iwwerschwemmunge scho virgeholl notamment d’Formatioun vun enger Cellule de crise.
Dës Cellule schafft Pläng aus, déi am Fall vun enger Katastroph da prett wieren. Fir d’Analysen ze erweideren, déi bis ewell scho gemaach goufen, ass elo d’Hëllef vun de Leit gefrot, fir zum Beispill Fotoen ze kréien oder konkret Informatiounen, vu wou d’Waasser an d’Haus gelaf ass. D’Detailer an d’Erfarunge vun de Leit wiere wichteg, fir verschidde Punkte méi genee kënnen z’analyséieren. De grousse Bléck op d’Risiken hätt ee schonn, ma duerch d’Biergerbedeelegung wéilt ee méi detailléiert analyséieren, seet de Jean-Claude Ralinger, Responsable vun der Cellule de Crise.
Et wier wichteg, d’Plazen ze kennen, déi besonnesch vun Héichwaasser betraff sinn. Och dorëm soll et an den Informatiounsversammlunge goen. Da kéinten d’Awunner sech och besser preparéieren, erkläert den Helder Martins, Gestionnaire vum Service Kanalisatioun. Wann ee bis weess, dass ee vun Héichwaasser kéint betraff sinn, kéint ee sech am Viraus preparéieren, zum Beispill mat Pompelen oder Sandsäck de Schued miniméieren.
D’Gemeng Lëtzebuerg huet esou Outilen och prett fir den Noutfall. Doriwwer eraus goufen déi verschidde Risiko-Hotspotten an der Stad detektéiert. De ganzen Uelzechtdall steet op der éischter Plaz. D’Eecher Plaz, verschidden Deeler op der Cloche d’Or oder nach zu Gaasperech gehéieren och dozou, esou nach den Helder Martins vum Service Kanalisatioun. Wéi héich d’Kapazitéite vun der Gemeng genee sinn, falls Leit musse relogéiert ginn, konnt de Jean-Claude Ralinger vun der Cellule de Crise net soen. Ma et hätt een awer genuch Kulturzenter oder Sporthale parat, déi fir den Noutfall kënnen amenagéiert ginn.