Virfall a Policebüro"Hien huet mech u mengen Hoer gezunn"

RTL Lëtzebuerg
Aktuell läit der Generalinspektioun vun der Police eng Plainte vir vun engem 34 Joer ale Mann vun Ënsber. Dat konnt d’IGP eis confirméieren.

De Mohamed Soumah, deen d’Plainte bei der IGP gemaach huet, huet sech selwer bei eis gemellt. Am Interview erzielt hien eis säi Point de vue a wéi et zu senger Plainte komm ass.

“Ech wollt just en Accident mellen”

Et war de Moie vum 11. Mee 2023. De Mohamed Soumah wier mat sengem Auto tëscht Ënsber an Eschduerf ënnerwee gewiescht, fir seng 3 Kanner an d’Schoul ze bréngen. Op enger zimmlech schmueler Strooss wier him eng Camionnette vun der Gemeng Esch-Sauer entgéint komm. Et wier zu engem Impakt komm an dem Mohamed säi lénkse Spigel gouf beschiedegt.

De Mohamed Soumah seet, hie wier e Stéck weider stoe bliwwen, huet sech de Schued ugekuckt a wollt mam Gemengenaarbechter schwätzen. Dëse wier awer einfach fortgefuer. Nodeems hie seng Kanner dann an d’Schoul bruecht hätt, wier hien op de Policebüro Turelbaach zu Heischent gefuer. Hei hätt hien de Virfall gemellt a wollt eng Plainte maache wéinst Farerflucht.

Aner Realitéit vun der Gemeng Esch-Sauer

D’Gemeng Esch-Sauer seet et wier awer grad de Contraire de Fall. “De Gemengenaarbechter ass op der Säit stoe bliwwen an huet e puer Minutte gewaart. Dat anert Gefier ass einfach net stoe bliwwen. Hei ginn et souguer Zeien”, sou ee Responsabele vum Service Technique.

Well de Mohamed Soumah erkannt hätt, dass et eng Gemengecamionette war, hätt d’Police decidéiert fir d’éischt Gemeng ze kontaktéieren. “Mir sollen e Constat maachen, huet de Polizist mir gesot”, sou de Mohamed. Duerno hätt hien de Policebüro rëm verlooss.

En Dag méi spéit den 12. Mee bréngt de 34 Joer ale Westafrikaner seng 3 Kanner rëm an d’Schoul. Bei der Sportshal hätt hien eng Gemengecamionette vun Esch-Sauer stoe gesinn an d’Gespréich mam Aarbechter gesicht. “Mir konnten eis net eenegen, wat d’Scholdfro ugeet, also si mir duerno zeréck op de Policebüro gefuer.”

Do hätt een da schliisslech de Constat ausgefëllt. Respektiv e Polizist hätt de Constat fir de Mohamed Soumah ausgefëllt an hien hätt dësen awer ënnerschriwwen. De Mann hätt trotz Constat weider drop gepocht eng Plainte géint de Gemengenaarbechter wéinst Farerflucht ze maachen.

Hei hätt sech dann de Chef vum Polizist ageschalt an d’Diskussioun wier méi hëtzeg ginn.

“De Chef huet mir virgehäit, drogéiert ze sinn. Hien huet mech opgefuerdert d’Kommissariat ze verloossen, mee ech wollt d’Plainte maachen. Dunn huet hie mech u mengen Hoer geholl a wollt mech aus dem Policebüro zéien. Dobäi hunn ech d’Gläichgewiicht verluer a si gefall. All meng Pabeiere louchen um Buedem. De méi jonke Polizist huet versicht säi Chef ze berouegen, mee deen huet säi Knéi op mäin Hals gedréckt, wou ech um Buedem louch. Dunn hunn aner Polizisten d’Situatioun deseskaléiert.”

Duerno wier hien eleng mam eelere Polizist am Büro gewiescht an dësen hätt hie mam Handy gefilmt, bis hien dunn de Büro verlooss hätt, wéi de Mohamed Soumah säin Handy wollt auspaken, fir och ze filmen.

Police konnt sech net dozou äusseren

Mir hu beim Policebüro Turelbaach nogefrot, ob si eis dozou eppes kënne soen. Si hunn eis direkt un den offizielle Pressebüro vun der Police verwisen. Och hei konnt a wollt een déi ganz Affär net kommentéieren. “D’Ermëttlungen à charge an à décharge zu Faite wéinst deene Leit sech bei der IGP beschwéieren, leien eleng am Kompetenzberäich vun der IGP, dem onofhängege Kontrollorgan vun der Police”, sou d’Äntwert.

D’Generalinspektioun vun der Police ass en externe Service, deen ënnert dem Ministère fir bannenzeg Sécherheet an der Justiz steet. D’Aufgab vun dësem Kontrollorgan ass et d’Funktionéiere vun der Police ze kontrolléieren an Tëschefäll ze préiwen.

D’IGP huet eis just confirméiert, dass eng Plainte vum Mohamed Soumah virläit. Méi hu si eis, och no e puer weidere Versich, net gesot.

Zeréck um Policebüro

Méi spéit wier dann de méi jonke Polizist mam Mohamed senger Fra an d’Kommissariat komm, déi de Mohamed virdrun nach ugeruff hätt. Si hätte weider verweigert kritt eng Plainte ze maachen. “Ech ka mech net géint mäi Chef stellen, huet de Polizist gesot,” sou de Mohamed.

Duerno hätt de Mohamed sech beim Centre de traitement d’égalité gemellt a wier un d’Generalinspektioun vun der Police weidergeleet ginn a recommandéiert kritt bei den Dokter ze goen.

Dëst huet de Mohamed gemaach. D’IGP huet confirméiert, dass hinnen eng Plainte vum Mohamed Soumah virläit, méi kéint een awer net soen.

Am Bericht vum Dokter steet just, dass de Patient d’Schëller wéi huet, well hie wärend dem Virfall drop gefall wier. Vu Bausse wieren awer keng Verletzungen ze gesinn.

Dem jonke Mann war et awer och wichteg e kompletten Drogentest ze maachen, fir d’Virwërf vum Polizist, “hien hätt eppes geholl”, ze widderleeën. A sengem Blutt goufen tatsächlech keng Réckstänn vun Droge fonnt, wéi d’Resultater hei op de Biller weisen. Der Redaktioun louch de ganzen Dossier vir.

Net deen éischte Kontakt mat der Police

“Ech hunn dee Polizist, dee mech un den Hoer gezunn huet a sech op mech geknéit huet, scho virdrun zweemol begéint.”

Déi éischte Kéier wier de Polizist bei hien Heem schelle komm, well säi Meedchen zënter zwee Deeg net an der Schoul war. “Mäi Meedche war krank. Hatt war doheem. De Polizist wollt awer direkt meng Carte d’identité gesinn.”

Eng zweete Kéier wieren déi zwee Männer openeegetraff, wou de Mohamed Soumah mam Auto ënnerwee war an e Bam kuerz virun him an d’Strooss gefall wier. “Ech hu staark gebremst a si vun der Strooss ofkomm. Dunn hunn ech d’Police geruff an den Accident gemellt. Op der Plaz war dunn och dee selwechte Polizist. Ech krut eng Strof vun 145 Euro an 2 Punkte, well meng Pneuen net an der Rei waren. Déi Strof hunn ech och ugeholl.”

De Mohamed lieft zënter 8 Joer zu Lëtzebuerg a gëtt als Museker Kueren iwwert westafrikanesch Musek an enger Partie Schoulen. “Ech hat ëmmer Respekt virun der Police. Mee bei dësem Virfall am Kommissariat hunn ech mech behandelt gefillt wéi en Hond.”

Wann Dir wëllt Kontakt mat der Redaktioun ophuelen, mellt Iech via dossier@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO