Vun der Tatortanalys bis zum Bléck an de MikroskopHonnerte Visiteuren entdecken den LNS zu Diddeleng

Diana Hoffmann
130 Joer Geschicht huet de Laboratoire national de santé (LNS) schonn um Bockel. Bei der Porte ouverte zu Diddeleng kruten d'Visiteuren e Bléck hannert d'Kulissen.
Honnerte Visiteuren entdecken den LNS zu Diddeleng
130 Joer Geschicht huet den LNS schonn um Bockel. Bei der Porte ouverte zu Diddeleng kruten d'Visiteuren e Bléck hannert d'Kulissen.

Vun engem nogestallten Tatort iwwer Kriibsdiagnose bis bei Ëmweltanalysen: Den LNS huet leschte Weekend déi verschidde Beräicher vun der Institutioun presentéiert. Op interaktive Stänn a bei guidéierte Visitte konnten d'Visiteuren entdecken, wéi wëssenschaftlech Analysen am Alldag hëllefe kënnen, Saachen ze verstoen.

Am Beräich Gesondheetsschutz goung et ënner anerem ëm Schimmel, Pollutioun an aner Schuedstoffer, déi d'Gesondheet beaflosse kënnen. "De Beruff hei am LNS ass immens interessant, well mer vill fir d’Gesondheet vun de Leit zu Lëtzebuerg maachen. Fir d’Patienten a fir d’Populatioun", huet Françoise Schaefers, Chef vum Service ënnerstrach.

Aner Statiounen hunn dann en Abléck an d'Mikrobiologie, d'molekular Genetik an d'Pathologie ginn. Do gouf ënner anerem gewisen, wéi Organ- a Gewebeprouwen ënnert dem Mikroskop analyséiert ginn, fir Krankheeten ze diagnostizéieren. Den Daniel Stieber, Responsabele vum molekulargenetesche Labo huet do erkläert: "D’Liese vum Genom ass ëmmer méi bëlleg ginn. Dat heescht et ass och elo méi einfach ginn, vill Donnéeën ze hunn an z’interpretéieren. Et muss een d’Donnéeë verstoen et muss een erausfanne wéi eng Variatioun responsabel fir eng Krankheet ass."

Besonnesch groussen Undrang hat dann och de Stand vum Service fir kriminalistesch Genetik. Op engem nogestallten Tatort gouf demonstréiert, wéi biologesch Spueren dokumentéiert, geséchert an analyséiert ginn. "Et ass e bëssi anescht, bei eis wéi am Film. Mir gi mi seelen op den Terrain. Mir schaffen do ganz enk mat der Police zesummen", huet den Direkter vum LNS, den Thomas Dentzer erkläert. D'Police hëlt also gewéinlech d'Spueren um Terrain op, ier se am LNS op DNA ënnersicht ginn.

De Service fir kriminalistesch Genetik feiert dëst Joer säi 15. Anniversaire. Zanter senger Grënnung 2011 huet en sech zu engem wichtege Bestanddeel vun de geriichtlechen Enquêten entwéckelt an zënter 2012 ronn 29.000 Expertisen duerchgefouert.

Back to Top
CIM LOGO