Interventioun am Lycée Michel RodangeHu sech e puer Jonker ee Spaass erlaabt?

RTL Lëtzebuerg
Virun enger knapper Woch hunn d'Schüler vum Lycée Michel Rodange wéinst enger Police-Interventioun d'Gebai net dierfe verloossen.
© RTL Mobile-Reporter

En Donneschdeg 6. Juli um 13.10 Auer ass beim CGDIS een Appell eragaangen, well op enger Toilette am Lycée Michel Rodange eng Enveloppe mat enger Substanz dran fonnt ginn ass.

Ënnert de Schüler gouf déi Deeg duerno geschwat, dass et Schüler waren, déi aus Jux Kräid do verstoppt hunn.

Op Nofro huet de Parquet confirméiert, dass verschidden Iwwerpréiwunge gemaach goufen. Zu kengem Abléck hätt eng Gefor fir Persoune bestanen.

Wat elo fonnt gouf, krute mer op Nofro net gesot. D’Police huet beim Parquet zwou sougenannten “Jugendschutzmeldunge” gemaach, dat géif ëmmer gemaach ginn, wa Mannerjäreger involvéiert wieren.

Asaz vum CGDIS

De CGDIS war knapp zwou Stonnen op der Plaz. Hire Spriecher sot op Nofro, dass, wann een op esou een Asaz geruff gëtt, een no de Prozedure misst handelen an och all Asaz géif eescht huelen.

Wat esou een Asaz kascht, kéint een net chiffréieren. Et misst engem allerdéngs bewosst sinn, dass wann een aus Spaass esou eng Interventioun ausléist, op anere Plazen d’Ekippen net disponibel sinn, fir op een Asaz ze fueren an esou an enger Urgence ee vu méi wäit misst kommen. Dacks wier de Facteur Zäit wesentlech fir Asätz, déi den CGDIS fiert.

© RTL Mobile-Reporter

Back to Top
CIM LOGO