WaldbëllegIllegal Cannabisplantage bei Asaz wéinst Hausbrand entdeckt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg war d'Police wéinst engem Hausbrand op Waldbëlleg geruff ginn. Wärend dem Asaz hunn d'Beamten awer eppes entdeckt, woumat si net gerechent haten.
© RTL Archiv

Nodeems d’Feier ënner Kontroll war, hunn d’Polizisten am Haus eng illegal Cannabisplantage fonnt. Ënner anerem hunn d’Beamten iwwer 10 kg Cannabis saiséiert.

Déi zwee Awunner vum Haus goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Béid Persoune sëtzen aktuell an Untersuchungshaft.

Eng Persoun, déi bei deenen zwee op Besuch war, koum nom Brand fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO