
Kleng Patienten kënnen also elo och zu Lëtzebuerg mam Nuesespray “Fluenz” geimpft ginn. Emol an all Nueslach gesprayt - an dat war et schonn. Ofgesi vum Confort ass deen anere groussen Ënnerscheed zum gängege Vaccin, datt et sech beim Nuese-Spray ëm ee liewegen Impfstoff handelt, erkläert d’Dr Isabel De La Fuente aus der Kannerklinik. Dofir wär en och net indiquéiert fir Kanner mat ganz schwaachem Immunsystem a fir déi mat staarker Allergie op Eeër.
An der Reegel géif den Nuese-Spray gutt vun de Patienten toleréiert ginn, seet d’Responsabel vum Service Pediatrie an der Kannerklinik. Mee wéi bei all Vaccin kéint et och hei zu Reaktioune wéi Péng an de Muskele, Schnapp, Féiwer oder Middegkeet kommen.
Wéi de Grippevaccin, deen an de Muskel gesprëtzt gëtt, ass och dee fir an d’Nues gratis. Et kritt ee “Fluenz” direkt beim Pediater oder an der Kannerklinik. Den anere gëtt et op Ordonnance an der Apdikt. A Kanada ass de Grippe-Vaccin och fir Erwuessener zougelooss. Bei eis ass dat net de Fall.

A Länner wéi Frankräich oder Groussbritannie gëtt et d’Recommandatioun scho méi laang fir net just vulnerabel, mee och all gesond Kanner a Jonker tëscht 2 a 17 Joer impfen ze loossen. Elo zéien also och de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses an d’Kannerdokteren zu Lëtzebuerg no.
Zil ass virop, fir d’Kanner virun Infektiounen oder schwéiere Verleef ze schützen. Well och bei jonke Patiente kéint et zu schwéiere Verleef a Komplikatioune kommen, betount d’Dr Isabel de la Fuente. An der Kannerklinik kéim et pro Joer tëscht 70 an 120 Hospitalisatioune wéinst der Gripp, esou d’Infektiologin. Et wär zwar ganz rar, ma et kéim och heiansdo zu Stierffäll.
Dernieft soll d’Impfung vu Kanner a Jugendlechen hëllefen, fir d’Verbreedung vum geféierleche Grippevirus an der Gesellschaft anzedämmen.