Stand, Speak, Rise UpInterview mam Friddensnobelpräis-Gewënner Dr. Denis Mukwege

Tim Morizet
Am RTL-Interview huet den Dr. Denis Mukwege Ablécker a säi Beruff ginn an iwwer d'Projete vun der Lëtzebuerger Associatioun Stand, Speak, Rise Up geschwat.

Freides de 5 Oktober 2018 hat den Dr. Denis Mukwege wéi üblech mat sengen Operatioun um 7.30 Auer Moies ugefaangen, wéi en, wärend senger 2. Operatioun vum Dag, Leit dobausse jäizen an kräischen héieren huet. Ganz erféiert huet hien d'Operatioun ënnerbrach an ass am Kiddel eraus gelaf fir ze kucken, wat geschitt ass. Do ukomm, gouf e vu senge Mataarbechter a Volontairë gedréckt: D'Noriicht, datt hien de Friddensnobelpräis gewonnen hat war ukomm.

Zanter hier ass de kongolesesche Gynekologe international esou vertrueden, wéi nach ni a setzt sech weider fir Fraen an, déi Affer vu gewalttätege Violle goufen. D'Fraen, déi den Dokter besichen, hunn dacks staark Blessuren. 200 Fraen den Dag ginn a sengem Panzi-Spidol am Kongo traitéiert.

Zanter September ass hien och offiziell Member vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Associatioun Stand, Speak, Rise Up. De Weekend war den Dr. Mukwege och op Besuch um Haff zu Colmer-Bierg.

Extrait 1
Hei goufen nei Projeten diskutéiert. Et wier eng positiv 1. Renconter vum Verwaltungsrot gewiescht.
Extrait 2
Grad de Kinosprojet am Panzi-Spidol géif de Patienten nees hëllefen, de Wee zeréck an d'Societéit ze fannen.
Extrait 3
Zanter sengem Nobelpräis hätt sech d'Perceptioun op d'Vergewaltungsaffer am Kongo an aneren Krisegebidder verännert.
Extrait 4
/
Extrait 5
D'Fraen, déi am Panzi-Spidol traitéiert ginn, waren dacks Affer vun extremer Gewalt a bräichten net nëmme physeschen, ma och psychologesche Support.
Extrait 6
Eng Vergewaltegung kann och als Konsequenz eng Schwangerschaft hunn. Den Encadrement vun dëse Kanner wier ganz wichteg.
Extrait 7
/
Extrait 8
Ënnert den Affer wieren och ëmmer nees Fraen, déi aus dem Horror, dee se erlieft hunn, duerno nach d'Kraaft hunn, Hoffnung fir anerer ze schafen.

Am Gespréich: Grande-Duchesse Maria Teresa

Back to Top
CIM LOGO