Bedruchsskandal a MilliounenhéichtWeider Persoun an der Caritas-Affär zu Roum festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun dësem Bedruchsskandal waren 2024 iwwer Méint 61 Milliounen Euro vun der Fondatioun Caritas op national an auslännesch Konten detournéiert ginn.
Logo Caritas
© RTL-Archiv

Zu Roum ass eng weider Persoun am Kader vun der Caritas-Affär festgeholl ginn. Déi 41 Joer al Clarissa La Porta steet am Verdacht, eng wichteg Roll am Bedruch vun der Lëtzebuerger Caritas gespillt ze hunn. De Lëtzebuerger Parquet huet d'Festnam RTL géintiwwer confirméiert.

Wéi d'Wort mat Verweis op italieenesch Medien, als éischt gemellt hat, soll si Deel vun engem internationale Bedruchs- a Blanchimentsreseau gewiescht sinn. Dora wier si zoustänneg gewiescht, fir falsch Firmaen ze grënnen a Bankkonten an enger ganzer Rei Länner opzemaachen an domat Sue wäiss ze wäschen.

Lëtzebuerg hat d'Fra per europäeschem Mandat d'arrêt gesicht.

Am Laf vun dësem Bedruchsskandal waren 2024 iwwer Méint 61 Milliounen Euro vun der Fondatioun Caritas op national an auslännesch Konten detournéiert ginn. Wärend der Enquête gouf et well eng Rei Festnamen. Et goufen och ewell zwee Urteeler geschwat - op Jugement sur accord goufen am August 2025 zwee bulgaresch Männer, déi als sougenannt "Money Mules" gedéngt hunn, zu 18 Méint Prisong verurteelt, wouvunner der 15 op Sursis sinn.

Back to Top
CIM LOGO