Eng Dreifjuegd an hir ongewollt KonsequenzenJuegdhënn blesséieren en Trapp Schof - et feelt u Kommunikatioun

Monique Kater
Uganks Dezember gräife Juegdhënn op enger Weed en Trapp Schof un. Déi 7 Déiere goufen deels uerg blesséiert, eent dovunner huet missen ageschléifert ginn.
Juegdhënn blesséieren en Trapp Schof - et feelt u Kommunikatioun
Uganks Dezember gräife Juegdhënn op enger Weed en Trapp Schof un. Déi 7 Déiere goufen deels uerg blesséiert, eent dovunner huet missen ageschléifert ginn.

Juegdhënn blesséieren en Trapp Schof / Reportage Monique Kater

Esou Attacke gi meeschtens vu Muppen aus, déi beim Spadséiere goen an der Natur vun der Léngt gelooss ginn. Wat awer elo am Kader vun der Battue zu Elleng geschitt ass, hätt ganz einfach kënne verhënnert ginn: an zwar duerch Kommunikatioun.

Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d'Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d’Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
© Monique Kater

Dreifjuegte mat iwwer 12 Leit musse gemellt ginn, esouwuel bei der Naturverwaltung, wéi bei der Gemeng. Dat wier hei och de Fall gewiescht, seet de Buergermeeschter vu Munneref, eng vun den dräi Gemengen, an deenen d’Juegdlous läit. Nom 8. Dezember wier dee Bescheed awer ganz normal vum Reider verschwonnen, dat géing automatesch, kréie mir erkläert. D’Proprietärin vun de Schof, d’Adela Fuentes vun der Déiereschutzassociatioun Amiavy, hat net matkritt, dass deen Dag Juegd wier a mécht sech elo Reprochen dowéinst.

Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d'Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d’Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
© Monique Kater

D’Responsabilitéit läit op zwou Säiten

Wéi si hir Schof den Dag drop fonnt huet, huet si missen erausfannen, wiem seng Hënn et wieren. Ee vun de concernéierte Jeeër huet confirméiert, dass effektiv e puer Hënn ugaange waren an dat bis op d’Nopeschlous, wou d’Déiere stoungen. Ob eventuell eppes geschitt wier, huet kee kontrolléiert. Dat ganzt deng him leed, sou de Juegdhär vis à vis vun RTL. Eng finanziell Entschiedegung huet d’Adela Fuentes net ugeholl, well dat un deem, wat hire Schof geschitt ass, näischt géing änneren.

Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d'Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d’Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
© Monique Kater

Esou Virfäll kréich d’Anf meeschtens net gemellt, confirméiert d’Marianne Jacobs, Juegdresponsabel vun der Naturverwaltung. Hondsgesetz a Gemengereglementer schreiwe vir, wat e Mupp dobaussen däerf: bei der Juegd dierf e fräi lafen, mee et sollt een als Jeeër awer iwwer dës Reegelen eraus goen.

Jeeër muss säin Hond am Grëff hunn a soll Proprietäre vun Notzdéieren informéieren

Et wier ganz wichteg, dass een d’Hënn am Grëff huet. Se missten op d’Wuert follegen, an dofir géif et Trainingsméiglechkeeten. Niewent dem virgeschriwwene Umelle vun der Dreifjuegd, duerch déi den Evenement op de Site vun der Gemeng, der Anf an op Geoportail stoe kënnt, sollten d’Acteure - Juegdhär a Proprietäre vun den Déieren, déi op engem Lous stinn - matenee schwätzen.

Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d'Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d’Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
© Monique Kater

Dofir plaidéiert och d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, déi fir den Déiereschutz zoustänneg ass. Déi Kéier hu 6 vu 7 Schof iwwerlieft. Eent vun hinnen, d’Anni, kéint säin A nach verléieren. D’Lili koum mat dräi Been aus schlechter Haltung, an huet bei der Hondsattack nach en Ouer verluer. D’Frida huet den Intressi vun de Juegdhënn ugangs Dezember net iwwerlieft. Dat hätt definitiv net misse sinn.

Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d'Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
Warnung: Sensibele Contenu. Klickt op d’Bild, fir déi onzenséiert Versioun ze gesinn.
© Monique Kater

Back to Top
CIM LOGO