Zu Beetebuerg op der BusgareJugendlecher hunn zwee Buschaufferen ugepöbelt a geschloen

RTL Lëtzebuerg
Donieft mellt d'Police eng Persoun, déi zu Esch-Uelzecht iwwerfall gouf an en Abroch an en Haus um Zens.
© Police

Tëscht Mëtternuecht an 1 Auer e Sonndeg de Moie war e Mann an der Rue d’Audun zu Esch-Uelzecht iwwerfall ginn. Zwee onbekannten Täter haten him säin Handy seng Bancomatskaarten ewechgeholl. Duerno ware si an Direktioun Audun-le-Tiche fortgelaf. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet, konnt déi zwee awer net méi fannen. D’Affer huet eng Plainte deposéiert.

Géint 01.45 Auer war der Police eng Persoun gemellt ginn, déi no engem Abroch an en Haus an der Rue des Pommiers um Zens op der Flucht wier. Am Kader vun den Ermëttlungen haten d’Beamten eng verdächteg Persoun op engem Busarrêt an der Rue de Trèves kontrolléiert. Bei dëser goufen eng Partie Géigestänn, déi am Haus gefeelt hunn, séchergestallt. Dës goufen dem Bewunner vum Haus zeréckginn. De presuméierten Abriecher gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Géint de Mann gouf een Haftbefeel an e gouf op Schraasseg an de Prisong bruecht.

E Sonndeg am Nomëtteg sinn dann zu Beetebuerg op der Busgare zwee Buschauffere vu Jugendlechen attackéiert ginn. Déi dräi staark alkoholiséiert Täter wollten hei de Bus huelen. Opgrond vu hirem Zoustand wollt de Buschauffer si awer net mathuelen. Doropshin hate si en zweete Buschauffer, deen deen Ament och um Busarrêt stoung, no Zigarette gefrot. Wéi dësen hinne keng Zigarette wollt ginn, hu si op hien ageschloen. Wéi de Chauffer, deen am Bus souz, erausgeklommen ass, fir sengem Aarbechtskolleeg ze hëllefen, gouf och hie vun deene Jugendlechen attackéiert.

Béid Buschauffere koumen nom Tëschefall mat Blessuren an d’Spidol. D’Police huet eng Plainte géint déi dräi Täter deposéiert. Géint ee vun hinne goufen ausserdeem eng separat Plainte wéinst engem Verstouss géint d’Drogen-Gesetz deposéiert. Dat, well hie 5 Gramm Haschisch bei sech hat.

Géint 18.30 Auer e Sonndeg den Owend wollt eng Fra an der Lëtzebuerger Strooss zu Munneref iwwert den Zebrasträife goen. Eng Automobilistin hat d’Fra iwwersinn a krut si mat hirem Auto ze paken. D’Foussgängerin gouf nom Accident op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno an d’Spidol ageliwwert. Wéi d’Police mellt, gouf d’Fra viraussiichtlech liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO