Tester am 1. SchouljoerKanner, déi a fréikandleche Strukture waren, hunn e klore Virdeel

Fanny Kinsch
Monica Camposeo
Dat ergëtt eng nei Etüd, déi op der Uni Lëtzebuerg realiséiert gouf.
Tester am 1. Schouljoer
Kanner déi a fréikandleche Strukturen waren, hunn e klore Virdeel, sou eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg.

Kanner, déi a fréikandleche Bildungsstrukture waren, schneide besser of an de standardiséierten Tester am 1. Schouljoer, wéi Kanner, déi net an de Precoce oder an d’Crèche gaange sinn. Dat besonnesch, wa si souwuel an der Crèche, wéi och am Precoce waren. Dat ergëtt eng nei Etüd déi op der Uni Lëtzebuerg realiséiert gouf.

Bei dëser Etüd goufen d’Resultater vun den Epreuves standardisées vun 2015 bis 2022 analyséiert a Gespréicher mat Eltere gefouert. Domat si 45.000 Schüler aus dem Cycle 2.1, dem éischte Schouljoer, representéiert. 3 Beräicher gi bei den Tester gekuckt: Mathé, Verstoe beim Héieren am Lëtzebuergeschen an éischt Schrëtt vun der Alphabetiséierung am Däitschen.

Kanner aus sozio-ekonomesch favoriséierte Milieue géinge wuel besser ofschneiden, sou d’Fuerscherin Caroline Hornung: “Mir gesinn awer och, wa mer elo déi fréikandlech Bildungsstrukturen ukucken, dat ass ob een elo aus engem sozioekonomesche favoriséierten oder defavoriséierte Milieu kënnt, datt nach ëmmer déi Kombinatioun Crèche a Precoce fërderlech ass fir d’Schoulleeschtungen.”

Bei de Sproochkompetenze géing een en däitlechen Ënnerscheed gesinn, jee nodeem wéi eng Sprooch doheem geschwat gëtt, sou d’Direktesch vum dofir zoustännegen Zenter Lucet op der Uni, d’Sonja Ugen. Kanner, déi doheem Lëtzebuergesch schwätzen, schneiden net just besser am Lëtzebuergeschen of, ma nach ee mol däitlech besser am Däitschen, wéi déi Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, och wa si an der Crèche a Precoce waren an do Lëtzebuergesch geléiert hunn: “Wat do dee grousse Constat ass, ass dass den automateschen Transfert, deen ëmmer ugeholl gëtt vun de Sproochekompetenze vum Lëtzebuergeschen op dat Däitscht, sou net ginn ass fir Kanner, déi net doheem Lëtzebuerger schwätzen.”

Dofir missten d’Kanner och scho virun der Spillschoul op d’Däitscht virbereet ginn, sou d’Conclusioun vun der Fuerscherin. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch zitt awer e bëssen eng aner Schlussfolgerung: “Dat confirméiert eis eigentlech an der Approche, fir ze soen, mer mussen och stéckweis vun der reng däitscher Alphabetiséierung ewechkommen an och fakultativ eng Alphabetiséierung op Franséisch ubidden, mer hunn momentan véier Pilotprojeten do jo lafen, mir hunn och d’Experienze gemaach an den internationalen ëffentleche Schoulen an déi weisen, datt mer eigentlech e Schülerin a Schüler domadder besser Chancë kënne bidden.”

Dat mam Zil, datt d’Kanner duerno am Cycle 4, also 5./6. Schouljoer op engem Niveau sinn an de Sproochen.

Back to Top
CIM LOGO