Abrëllsgecker uechtert LandVu Béier mat Mettwurscht-Goût bis zweet Fluchgesellschaft am Land

Kevin Kayser
Um 1. vum véierte Mount vum Joer gëtt gär emol probéiert, fir aner Leit an den Abrëll ze schécken.
© Battin, Demy Schandeler, Luxlait / RTL Grafik

Ma net just ënner Frënn a Kolleege mécht een dat, ma och vill Entreprisen a Medienhaiser zu Lëtzebuerg bedeelege sech drun a publizéieren op hire Säiten oder soziale Medie en Abrëllsgeck.

Hei bei RTL hate mer e Mëttwoch de Moie gemellt, datt de Beetebuerger Park géif ausgebaut ginn, mat Achterbunn an allem, wat dozou gehéiert. Ville vun eise User war séier opgefall, datt et sech heibäi ëm eisen Abrëllsgeck géif handelen, och wa verschiddener d’Iddi vun neien Attraktiounen zu Beetebuerg net esou verkéiert fonnt hunn.

Bleiwe mer bei RTL. An der Facebook-Grupp “Lënster News” huet eng Noriicht séier den Tour gemaach. Gëschter nämlech gouf hei ugefaangen, fir d’Sendemaste vun RTL ofzerappen. Op deem Terrain soll dem Post no en neie Wunnquartier entstoen.

© Screenshot “Lënster News

D’Luxair huet d’Leit dann op dësem Dag net just an den Abrëll geschéckt, mä carrement geflunn. Dat nämlech op déi nei Destinatioun, déi ee vun haut un am Programm huet: D’ Fidschi-Inselen. Just e bëssi blöd, datt een de Fluch nach net reservéiere kann...

Déi national Fluchgesellschaft dann ugeschwat: Déi kéint deemnächst Konkurrenz kréien. Well Demy Schandeler wëll nieft de Busreesen elo och op de Fliger setzen. Vu Keespelt aus kann een de Reesfliger dann huelen, fir duerch déi ganz Welt ze fléien...

Getankt kéint de Fliger dann eventuell op der Place de Metz an der Stad ginn. Hei nämlech entsteet den S-Sprit, déi nei Tankstell vun der Spuerkeese.

Sollt Dir en Tippfeeler an dësem Artikel fonnt hunn, kënnt der eis deen natierlech eramellen. Sollt der Iech net sécher sinn, kënnt der beim ZLS nofroen. Dat vun haut aus un net just per Mail, Post an Telefon, mä och per Bréifdauf:

An där Zäit, wou Der dann op eng Äntwert waart, kënnt Der gären den neie Battin-Béier mat “Mettwurscht"-Goût probéieren...

... an Iech dobäi den neie Müslirigel “BrewBoost+" vu Bofferding schmaache loossen.

Sollt Iech deen ze dréche sinn, hëlleft vläicht den neie “Stick” vu Luxlait.

Hutt Dir d’Partie vun de Roude Léiwen gëschter suivéiert? D’Supporter aus dem M-Block waren net ze iwwerhéieren. Well hire Support awer net am Block vum Géigner ukënnt an een Zitat “esouguer an Däitschland méi haart war wéi d’Fans vum DFB”, hu si elo decidéiert, d’Géigner-Natiounen an Zukunft ze ënnerstëtzen. De Support vun de Roude Léiwen iwwerloosse si dann all den anere Fans am Stadion... Si weisen also richtege Sportsgeescht.

Komme mer dann zu gudder Lescht bei de Piraten-Deputéierte Marc Goergen. Dëse war jo wéinst senge Rechnungen aus engem Fastfood-Restaurant opgefall an dowéinst ass et net wäit hiergeholl, datt hien déi éischt “politesch-gastronomesch Partnerschaft” hei am Land an d’Liewe geruff huet. D’Piratepartei a McDonald’s schaffen elo zesummen an nei um Menu ass de “Pirate Mac”... Natierlech vum Marc Goergen selwer zerwéiert.

Back to Top
CIM LOGO