“Et ass net, well mer keng Impfflicht maachen, dass d’Leit net solle geimpft ginn”. De Premier huet ënnerstrach, datt d’Impfung nach ëmmer dee beschte Schutz géint e schwéiere Covid-Verlaf wier.
Keng Impfflicht fir Leit iwwer 50 an och keng fir de Gesondheets- a Fleegesecteur. Et ass zanter e Freideg gewosst an de Premier Xavier Bettel huet et e Mëttwoch an der Chamber nach emol confirméiert. Dat, obwuel d’Regierung sech am Wanter nach dofir ausgeschwat hat. An der aktueller Situatioun wär eng Impfflicht weder politesch, nach juristesch verhältnisméisseg. “Mir hunn nach 29 Leit an de Soins normaux. Et soll een also net maachen, wéi wann de Virus fort wier. Mee mir hunn 0 Persoun op Soins intensifs. 0! Bei 1.200 Infektiounen op den Dag vun haut.”
Och op Traitementer, déi de Risk vun engem schwéiere Verlaf bei vulnerabele Persoune reduzéieren, huet de Premier verwisen an ënnerstrach, datt d’Experten d’Impfflicht an hirem neien Avis just an engem vu 7 Zenarioe recommandéiere géifen.
3 Konditioune fir eng Impfflicht
Fir datt eng Impfflicht Sënn géif maache, missten 3 Konditiounen erfëllt sinn: eng méi geféierlech Virus-Variant wéi déi aktuell, e Vaccin, deen effikass wier géint déi Variant an en Impftaux vun 100% vun de Leit iwwer 50 Joer. “Mir kréien ni 100% vun de Leit geimpft. An dat wär jo dann en Impfzwang. An eng Garantie kann ech Iech ginn, Här President: datt et mat dëser Regierung an dëser Majoritéit ni zu engem Impfzwang wäert kommen.”
Fir am Noutfall séier prett ze sinn, ginn d’Gesetzestexter awer virbereet an informell op den Instanzewee bruecht. D’Machbarkeet vun engem Impfregëster fir de Gesondheets a Fleegeberäich, wéi vun den Experte virgeschloen, géif gepréift ginn.
En Donneschdeg de Moien ass et un der Chamber, op dem Premier seng Deklaratioun ze reagéieren an ze debattéieren.