Bis zu 100 Leit op der PlazKläpperei mat Blesséiertem a beschiedegtem Policeauto op der Kinnekswiss

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet d'Police e Freideg den Owend zu Déifferdeng um Stonk eng net-autoriséiert Privatparty opgeléist.

Op der Kinnekswiss am Stater Park gouf et an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg kuerz no Hallefnuecht eng grouss Kläpperei, bis zu 100 Leit waren op der Plaz a sollen deels an d'Streidereien involvéiert gewiescht sinn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Vill vun de Kläpper sinn a Richtung Glacis fortgelaf. D'Police huet all d'Leit am Park an och um Glacis kontrolléiert. Deelweis gouf mat Fläschen op d'Beamte gehäit. Et gouf kee verwonnt, ma e Policeauto gouf beschiedegt. D'Ermëttlunge lafen.

Zu Déifferdeng um Stronk huet d'Police e Freideg den Owend eng net-autoriséiert Privatparty opgeléist, iert dës iwwerhaapt ugefaangen hat.

30 Persoune sollten am Bësch feieren. Verschiddener wiere virun der Police fort gelaf, heescht et am Bulletin.

Et gouf e Protokoll geschriwwen, wéinst Verstouss géint d'Naturschutzgesetz a géint d'Covid-Reegelen.

Alles gouf ofgeriicht an d'Plaz gouf um Enn propper hannerlooss.

Back to Top
CIM LOGO