
Géint 13 Auer e Samschdegmëtteg gouf d'Police wéinst enger Kläpperei tëscht e puer Persounen um Boulevard Docteur Charles Marx zu Hollerech kontaktéiert. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer an huet hei zwou Fraen an zwee Männer ugetraff, déi alleguer däitlech alkoholiséiert waren. Déi zwou Fraen hate Strummen a bluddeg Lëpsen. Bei der Enquête op der Plaz koum eraus, dass zwou vun de véier Persoune sech mateneen an d'Hoer kruten.
Iwwerdeems ass de Verdacht opkomm, dass eng vun de Fraen an alkoholiséiertem Zoustand Auto gefuer ass. En Alkoholtest, dee gemaach gouf, war positiv an et huet sech dann och erausgestallt, dass et schonn e Fuerverbuet géint dës Fra gouf. Well d'Persoun sech ausserdeem déi ganzen Zäit iwwer aggressiv Verhalen hätt, koum si no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
Géint 15:40 Auer krut d'Police dann e Sträit tëscht zwou Persounen an engem Park zu Miersch gemellt. Hei wier e Mann den éischten Informatiounen no vun engem aneren alkoholiséierte Mann mat engem Messer menacéiert ginn. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer an de Beamte wier et gelongen, béid Männer ze berouegen. D'Messer gouf saiséiert an e Protokoll geschriwwen.
Géint 20:30 Auer si Polizisten am Garer Quartier an der Stad op Gebrëlls an op d'Geräisch vu gliese Fläschen opmierksam ginn. Wéi si an d'Rue du Fort Neipperg gaange sinn, ass hinnen dunn e Mann entgéintkomm, deen um Kapp geblutt huet. Den éischten Erkenntnisser no, wieren dräi dräi Männer vun hannen un hien erugetratt an hätten him da mat enger gliesener Fläsch op de Kapp geschloen. Duerno hätte si säi Rucksak geklaut a wiere fortgelaf. D'Affer koum mat Blessuren um Kapp fir eng Kontroll an d'Spidol. Eng éischt Sich no den Täter ass negativ Verlaf an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.