Mir ware fir Iech um TerrainKlenge Réckbléck op d'Silvesternuecht hei am Land

Christophe Hochard
D'Silvesternuecht 2022, fir déi eng e gewéinlechen Owend - e Schaffdag - a fir déi aner e Grond ze feieren.
Klenge Réckbléck op d'Silvesternuecht hei am Land
D’Silvesternuecht 2022, fir déi eng e gewéinlechen Owend - e Schaffdag - a fir déi aner e Grond ze feieren.

Hei an der Kasär vun de Beruffspompjeeën op der Cloche d’Or huet um 20 Auer fir 24 Leit huet d’Nuetsschicht ugefaangen. Géint 22 Auer gouf et en éischte gréisseren Appell an domadder Asaz fir d’Ekipp. Huerteg goung et an d’Asazween an Direktioun Boulevard Royal. Eng Pallets-Heizung huet hei fir e bëssi Opreegung gesuergt. Um Enn keng gréisser Affär fir déi agespillten Ekipp vun de Pompjeeën. 337 Appeller gounge beim 112 an der Silvesternuecht tëscht Owes 20 a Moies 5 eran. E puer Kilometer Loftlinn vum Pompjeesasaz ewech eng ganz aner Ambiance: Jonk Leit feieren hei an dat neit Joer eran. Nom Zürecher Bal op Chrëschtdag ass dëst déi 2. grouss Party an den Ausstellungshale bannent enger Woch.

Et ass den New Year’s Eve Festival. Mëttlerweil déi 6.Editioun. 11 DJen aus dem In- an Ausland hu sech Rendezvous an der Luxexpo ginn.

E Freedefeier Verbuet gouf et op Silvester och an der Stad Lëtzebuerg. Ganz geklappt huet et net. Mee nujee... e Joreswiessel ass jo och nëmmen no all 365 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO