
Demandë fir Klimabonus-Subventiounen am Beräich Logement kënne vun elo un och iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn. De Klimabonus kann een ufroen, wann een zum Beispill eng Wäermepompel oder eng Photovoltaik-Anlag installéiert. D’Zuel vun esou Demandë wier no der akuter Energiekris weider héich.
Déi finanziell Hëllefe fir d’Installatioun vun Elektroborne kann een zanter leschtem Hierscht online ufroen, déi fir Elektrovëloen zanter leschtem Mount. Fir d’Waardezäiten ze reduzéieren, wieren hei zousätzlech Leit agestallt ginn, ma et géif weider Personal gesicht ginn, heescht et vun der Verwaltung.
Zanter dem Lancement vun de finanziellen Hëllefe beim Kaf vun engem Vëlo am Mee 2020 sinn dës knapp 51.000 Mol ausbezuelt ginn. Dat entsprécht engem Montant vun 22 Milliounen Euro.
Alles an allem goufen am Kader vum Klimabonus an de Beräicher Renovatioun, Logement a Mobilitéit zanter 2013 méi wéi 405 Milliounen Euro u Subventioune bezuelt.