
Wéi bei der leschter Tripartite decidéiert, gëtt de Mindestloun jo ëm 3,8 Prozent no uewen ugepasst. 1,3 Prozentpunkten dovu gi vum Staat iwwerholl. Den entspriechende Gesetzesprojet ass e Freideg am Regierungsrot gutt geheescht ginn. Dës Mesure kascht de Staat 48,3 Milliounen Euro fir d'Joer 2027. Dat a Form vun enger Contributioun un d'Mutualitéit vun den Employeuren, déi dës dann un déi concernéiert Salariéë weidergëtt.
Weider gouf festgehalen, datt d'Suen, déi Privatleit an de sougenannten Housing Bond investéieren, net wäerte besteiert ginn, esou wéi dat an der Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert gi war.