
Déi 102 Gemengen hunn de Bau vu 4.709 Logementer autoriséiert, dat ass e knappe Véierel manner wéi d’Joer virdrun, woubäi 2021 exzeptionell vill Geneemegungen accordéiert goufen.
Ma och par Rapport zu der Pre-Covid-Zäit weisen d’Chiffere vun 2022 däitlech no ënnen. De Grond fir dës Evolutioun ass natierlech déi aktuell Situatioun mat héijen Zënsen an héije Baupräisser.